De griicheschen Ξ huet déi virgriichesch Buschtawekombinatioun ΚΤΣ sproochlech wéi och graphemesch eréischt spéit ersat.
Den haitege Graphem Xi huet säin Urspronk am phenizesche Schrëftzeechen Samech.. Vum Samech stamen ausserdeem déi griichesch Buschtawe Sigma (Σ) a Chi (X) of. De Xi gouf allerdéngs eréischt méi spéit wéi aner phenizesch Buschtawen a Griicheland iwwerholl an gouf och net an allen Dialekter ugeholl.