de klenge Phi () e Wénkel an de Polarkoordinaten an den Azimutwénkel an de sphäresche Polarkoordinaten
de klenge Phi () d'φ-Funktioun vum Euler
de grousse Phi (Φ) den irrationalen Zuelewäert vum Gëllene Schnëtt
de grousse Phi (Φ) d'Wahrscheinlechkeetsfunktioun (och dem Gauß seng Feelerintegral genannt)
De grousse Phi ass dat allgemengt Zeeche fir Physik, z. B. am Logo vun der Däitscher Physikalescher Gesellschaft. Et steet an der Wëssenschaft dacks nach fir aner Bedeitungen.
De klenge Phi () steet fir e Meson
De grousse Phi (Φ) steet an der theoreetescher Physik fir d'elektrescht Potential (Spannung U)
An der Stréimungsléier steet de klenge Phi () fir d'Duerchflosszuel
An der Liichttechnik steet de grousse Phi (Φ) fir de Liichtstroum
An der Thermodynamik resp. Klimatechnik steet de klenge Phi () fir d'relativ Loftfiichtegkeet
An der Geologie, besonnesch Ingenieursgeologie, steet de klenge Phi () fir de Wénkel, deen eng geologesch Fläch mat enger geduechtener horizontaler Fläch bilt, dem sougenannten Afallswénkel.