Den Omega; (griicheschen Neutrum a groussen O‘, laang ausgeschwat [vergläich och Omikron]; Majuskel Ω, Minuskel ω) ass de 24. a leschte Buschtaf vum griicheschen Alphabet an huet no dem milesesche Prinzip en Zuelewäert vun 800. Den Omega gëtt dacks gebraucht, fir en Enn ze verdäitlechen, an ass domat de Géigendeel vum Ufank, dem Alpha (Alpha an Omega oder „Den A an O“).
A soziale Gruppe bei Déiere gëtt dat lescht Déier an der Ranguerdnung als Omega-Déier bezeechent (kuckt heizou ënner Alpha-Déier).
Een ëm 180 Grad gedréite groussen Omega gëtt als Mho bezeechent. Et ass eng vereelzt Eenheet vum elektresche Leetwäert (1 Mho = 1/Ohm).
déi klengst onendlech Ordinalzuel (Transfinite Arithmeetik)
d'Kreesfrequenz an der Schwéngungsléier
als Formelzeeche fir de Massenundeel an der Chimie
als gebräichlech Bezeechnung fir méifach ongesiedegt Fettsaiere mat Vitaminn-Charakter (Omega-3-Fettsaieren an Omega-6-Fettsaieren), déi allgemeng Grupp vun den Omega-n-Fettsaieren souwéi déi net essentiell Omega-9-Fettsaieren.