an der Physik d'Formelzeeche fir d'Wellelängt, d'Zerfallskonstant, d'Wärmeleetfähegkeet oder déi mëttels fräi Weelängt
an der Elektrotechnik d'Bezeechnung fir d'Phaseverrécklung vu breetbandege Signaler
an der Drocklofttechnik de volumetresche Wierkungsgrad vu Kolwekompresseren. E gëtt berechent aus: Effektiver Liwwergréisst / Theoreetescht Usaugvolumen. De volumetresche Wierkungsgrad gëtt vereinfacht och Liwwergrad bezeechent an ass eng Mooss fir d'Qualitéit vu Kolwekompresseren. De Liwwergrad ass ofhängeg vum Drock an huet fir 8 bar bei gudde 1-stufege Kolwekompresseren ongeféier 70 % a bei 2-stufegen Anlagen zirka 80–85 %.
an der Motorentechnik d'Formelzeeche fir d'Verbrennungsloftverhältnes. Bei Verbrennungsmotore gëtt d'Loft-Kraaftstoff-Verhältnes (stöchiometrescht Verhältnes) Lambda=1 uginn, wann d'optimaalt Verhältnes vu 14,7 kg Loft zu 1 kg Kraaftstoff (fir Superbenzin) ginn ass. Lambda >1 bedeit Loftiwwerschoss (moert Gemësch), a Lambda<1 Loftmangel (fett Gemësch). Motore mat katalytescher Ofgasnobehandlung reegelen dat optimaalt Verhältnes mat Hëllef vun enger Lambdasond.
bei Motoren ausserdeem nach d'Bielleverhältnes. Dat ass de Quotient aus dem Radius vun der Kurbelwell duerch d'Längt vun der Biellestaang. Je no Uweisung an Zuel vu Zylinderen ass λ e wichtege Wäert fir d'osziléierend Kräften a Momenter.
d'Formelzeeche fir d'Schnelllafzuel vu Wandenergieanlagen
an der Schwulen- a Lesbebeweegung zanter den 1970er d'Symbol fir (lat. „Fräiheet“) als Gläichberechtigung an doduerch Nummdeel vu verschiddenen Organisatiounen a Eventer:
Lambda Legal: LGBT & HIV - US-Biergerrechtsorganisatioun
an der Fluiddynamik d'Formelzeeche fir d'Rouerreiwungszuel
an der Wärmeléier/-technik d'Formelzeeche fir de Wärmeleetkoeffizient
De Groussbuschtaf Λ ass
an der Schwéngungsléier vun der klassescher Physik eng Mooss fir d'Dämpfung - Logarithmescht Dekrement
an der Elementardeelchephysik d'Bezeechnung vun engem Λ-Baryon
Dem Albert Einstein seng Kosmologesch Konstant, mat där hirer Hëllef hien d'Ausdeenung vum Universum aus senge Formele verbanne wollt.