Romuald Figuier
Gebuer 9. Mee 1938
Saint-Pol-de-Léon
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Sänger, Komponist, Schauspiller

De Romuald Figuier, gebuer de 5. Mee 1941 zu Saint-Pol-de-Léon, Finistère, Bretagne,[1] ass e franséische Sänger, deen e puermol beim Eurovision Song Contest matgemaach huet.

Hien huet Monaco beim Eurovision Song Contest 1964 zu Kopenhagen mat dem Lidd Où sont-elles passées? vertrueden an ass domat op déi 3. Plaz komm.[2]

5 Joer méi spéit huet e Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 1969 zu Madrid mam Lidd Catherine vertrueden. Hien huet domat déi 11. Plaz erreecht.[3]

1974 huet e Monaco nach eng Kéier beim Grand Prix zu Brighton vertrueden an ass mam Lidd Celui qui reste et celui qui s'en va op déi 4. Plaz komm.[4]

Discographie

[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. http://www.imdb.com/name/nm0739772/ "Romuald" IMDb
  2. http://www.eurovision.tv/page/history/by-year/contest?event=281 Eurovision Song Contest 1964
  3. http://www.eurovision.tv/page/history/by-year/contest?event=286 Eurovision Song Contest 1969
  4. http://www.eurovision.tv/page/history/by-year/contest?event=290 Eurovision Song Contest 1974