David Alexandre Winter
Gebuer 4. Abrëll 1943
Amsterdam
Nationalitéit Holland
Aktivitéit Liddermécher, Sänger
Famill
Kanner Ophélie Winter

Den David Alexandre Winter, gebuer de 4. Abrëll 1943 zu Amsterdam als Leon Kleerekoper, ass en hollännesche Sänger. Seng Lidder ware gewéinlech op Franséisch.

Hie war Member vun de Museksgruppen Daddy's Act an Jumping Pop-In.[1] 1968 hat de Winter seng gréissten Hit mat Oh Lady Mary.[2]

Hien huet Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 1970 zu Amsterdam mam Lidd "Je suis tombé du ciel" vertrueden. Hie koum op déi 12. Plaz mat 0 Punkten.[3]

De Sänger lieft a Frankräich. Hien ass de Papp vun der Schauspillerin a Musekerin Ophélie Winter a vum Museker Mickaël Winter.[1]

Discographie

[änneren | Quelltext änneren]

Albumen

[änneren | Quelltext änneren]

Singelen

[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: David Alexandre Winter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 http://rateyourmusic.com/artist/david_alexandre_winter
  2. Murrells, Joseph (1978). The Book of Golden Discs (2nd ed.). London: Barrie and Jenkins Ltd. p. 270. ISBN 0-214-20512-6
  3. http://www.eurovision.tv/page/history/by-year/contest?event=223