Lara Fabian
Gebuertsnumm Lara Sophie Katy Crokaert
Gebuer 9. Januar 1970
Etterbeek
Nationalitéit Kanada, Belsch
Educatioun Conservatoire royal vu Bréissel
Aktivitéit Liddermécher, Museker, Sänger, Discographesche Kënschtler, Filmschauspiller

D'Lara Fabian, gebuer den 9. Januar 1970 zu Etterbeek als Lara Crokaert, ass eng belsch Sängerin. Säit 1996 huet si och déi kanadesch Nationalitéit. Si huet hir Karriär 1986 ugefaange wéi se de Concours Tremplin de la musique vum Festival de Wallonie gewonnen huet.

Si huet Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 1988 zu Dublin mam Lidd "Croire" vertrueden. Si koum op déi 4. Plaz mat 90 Punkten.[1] 2006 huet si fir d'éischt an hirer Karriär e Concert zu Lëtzebuerg ginn an zwar an der Philharmonie Lëtzebuerg am Kader vun hirer Tournée Un Regard 9

Si séngt an e puer Sproochen (Franséisch, Englesch, Däitsch, Italieenesch, Portugisesch, Spuenesch, Russesch, Hebräesch, Tierkesch) an huet iwwer 20 Milliounen Placke verkaaft.

Si war 2018 an 2019 Coach vun der Sendung La Voix am Québec. 2020 huet si déi Roll dunn och a Frankräich bei The Voice iwwerholl. Zanter 2021 ass se Directrice vun der Star Academie am Québec.

Discographie

[änneren | Quelltext änneren]

Studio-Albumen

[änneren | Quelltext änneren]

Live Albumen

[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Lara Fabian – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Eurovision Song Contest 1988