Dem Nik Welter seng Eltere waren d'Anna Neuberg, eng Duechter vum Schmadd Neuberg, an de Bréifdréier Theodor Welter.
Den Nik Welter huet zu Léiwen, Paräis, Bonn a Berlin studéiert a war duerno Professer am Dikrecher (1897-1906) an duerno am Stater Kolléisch (1906-1918).
Tëscht 1918 an 1921 war hien Unterrechtsminister an der Regierung Reuter. Hien huet keng Parteipolitik bedriwwen.
Den Nik Welter huet haaptsächlech Theaterstécker a Gedichter geschriwwen. Säi Wierk Griselinde (1901) huet de lëtzebuergesche Komponist Alfred Kowalsky inspiréiert, eng Oper mat dem selwechten Titel ze schreiwen. Aner bekannt Stécker sinn Die Söhne des Öslings, Goethes Husar, Der Abtrünnige, Professor Forster a Lene Frank.
Den Nik Welter huet sech fréi mam Félibrige, der Provenzalescher Dichterbeweegung beschäftegt a stoung am Kontakt mat de Membere vum Felibertum félibrige an der Provence: dem Frédéric Mistral, dem Joseph Roumanille an dem Théodore Aubanel. Hie war méi wéi eng Kéier zu Maillane, am Departement Bouches-du-Rhône beim Mistral perséinlech an ass an de Krees vum Féliber opgeholl ginn. Sou huet hien och däitsch Romaniste wéi den Eduard Koschwitz an den August Bertuch kennegeléiert. Hien an déi zwéin Däitsch Romaniste waren déi Leit, déi dofir gesuergt hunn, datt de Frédéric Mistral 1904 den Nobelpräis fir Literatur krut.
Den Nik Welter huet seng Reesen an d'Provence an an Tunesien am Buch Hohe Sonnentage veréiwegt. A sengem Buch Im Werden und Wachsen, schreift hie vu senger Kannerzäit zu Miersch. Hie war den Auteur vum éischte Lëtzebuerger Schoulbuch, Das Luxemburgische und sein Schrifttum.
Den Nik Welter ass zu Lëtzebuerg um Nikloskierfecht begruewen.
Fir un hien z'erënneren, goufen eng Partie Stroossen zu Lëtzebuerg no him genannt (rue Nicolas Welter): an der Stad, zu Miersch an zu Sandweiler.