Platanenallee um Nikloskierfecht | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lampertsbierg |
Adress | Rue Nico Klopp |
Fläch | 13,9916 ha |
Ugeluecht | 1780 |
Koordinaten |
49° 36’ 58.80’’ N 06° 07’ 06.40’’ O |
Gestioun | Service Cimetières vun der Stad Lëtzebuerg |
Den Nikloskierfecht, offiziell de Cimetière Notre-Dame (Liebfrauenfriedhof) läit am Quartier Lampertsbierg vun der Stad Lëtzebuerg. Et ass dee gréisste vun de 14 Kierfechter déi an d'Kompetenz vum Service Cimetières vun der Stater Gemeng falen.
Den Numm „Nikloskierfecht“ kënnt dohier, well 1779 nom Ofrappe vun der Nikloskierch am Stadzentrum an dem Verleeë vum Sëtz vun der Niklos-Par an déi fréier Jesuittekierch (haut: d'Kathedral) de Kierfecht vun der Par baussent d'Stadmaueren op de Glacis verluecht gouf[1]. Den neie Kierfecht koum op en Terrain bei der Neipuertskapell (Kapelle Unserer Lieben Frau, Chapelle Notre-Dame)[2]. Sou erkläert sech den offiziellen Numm vum Kierfecht (cimetière Notre-Dame) an och déi hautdesdaags net méi geleefeg däitsch Bezeechnung „Liebfrauenfriedhof“.
Den neien „Nikloskierfecht“ war am Fong nëmmen eng Extensioun vun engem Kierfecht dee schonn zanter 1691 bei der Kapell existéiert huet (Muttergotteskirchhof) a wou déi zum Doud Verurteelt, déi keng Verbriecher waren (z. B. Deserteuren), begruewe goufen. Zwéi Gäert si bei den „ale“ Kierfecht derbäikomm, deen een huet zu der Kapell gehéiert, deen anere war eng Proprietéit vum Helleg-Geescht-Klouschter[2].
Um Nikloskierfecht gëtt et zwee grouss Monumenter:
D'Lag vun enger Partie prominente Griewer kann op enger Onlinekaart op der Internetsäit vun der Stad Lëtzebuerg gekuckt ginn (kuckt Um Spaweck, hei drënner)
Commons: Nikloskierfecht – Biller, Videoen oder Audiodateien |