Roger Muller | |
---|---|
Gebuer | 1937 |
Gestuerwen | 2. November 2016 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Auteur |
De Roger Muller, gebuer 1937 a gestuerwen den 2. November 2016[1], war e lëtzebuergeschen Enseignant an Auteur.
Hien huet eng Rëtsch Aarbechten iwwer d'lëtzebuergesch Literatur aus dem 19. Joerhonnert verëffentlecht.
Vun 1996 bis 2008 war hie fräie wëssenschaftleche Mataarbechter am Centre national de littérature zu Miersch.
Hie war Coediteur vum Luxemburger Autorenlexikon (2007).
De Roger Muller huet seng Karriär am Enseignement als Schoulmeeschter ugefaangen; hien huet zu Ouljen an zu Lenningen Schoul gehalen. No engem zousätzleche Studium an den Erzéiungswëssenschaften an an der Germanistik zu Lëtzebuerg, Metz an Tréier, gouf de Roger Muller Professer am Collège d'enseignement moyen (haut Lycée Michel-Lucius) an am Centre de langues an der Stad Lëtzebuerg.