Jean-Paul Raths | |
---|---|
Gebuer |
10. August 1955 Useldeng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmschauspiller |
Famill | |
Kanner | Gerri Raths |
De Jean-Paul Raths, gebuer den 10. August 1955 zu Useldeng, ass e lëtzebuergeschen Theater-, Film- an Tëleeschauspiller, deen zu Berlin wunnt. Hien ass och als Regisseur aktiv.
Hien huet op der Hochschule für Musik und Theater zu Hamburg studéiert a gouf duerno fir fënnef Joer bei der Berliner Schaubühne engagéiert. Parallel huet hien och an Televisiounsfilmer matgespillt, wou e bis haut ëmmer nees Rolle krut. Zanter 1991 féiert hien och Regie bei Theaterstécker.
Seng Duechter Géraldine schafft och als Schauspillerin.