Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Première | 25. Januar 2017 |
Dauer | 90 min |
Originalsprooch | Lëtzebuergesch |
Ekipp | |
Regie | Andy Bausch |
Dréibuch |
Andy Bausch Frank Feitler |
Fotografie | Carlo Thiel |
Musek | Jeannot Sanavia |
Schnëtt | Thierry Faber |
Produzent |
Adrien Chef Paul Thiltges |
Produktiouns- gesellschaft | Paul Thiltges Distributions |
Schauspiller | |
André Jung als Nuckes Marco Lorenzini als Fons Pol Greisch als Lull Fernand Fox als Jängi Josiane Peiffer als Nelly Monique Reuter als Henriette Myriam Muller als Maisy Marie-Paule von Roesgen als Tata Fini Brigitte Urhausen als Ministesch Claire Johnston als Colette Luc Feit als Dr. Hastert Al Ginter als Kevin Chantal Pirotte Pitt Simon als Pitt Marie Jung als Sabinn Valérie Bodson als Jackie Christiane Rausch als Chef Soignante Fabienne Hollwege als Direktesch Annette Schlechter als Mme Boever Ann Comfort Camille Olinger als Här Louis Marcel Heintz als Albert Millmeister Monique Melsen als Metzlesch Luc Schiltz als Jehova 1 Mike Tock als Jehova 2 Jean-Paul Raths Charles Muller als Nottär | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Rusty Boys ass e lëtzebuergesche Spillfilm vum Andy Bausch aus dem Joer 2017.
Véier eeler Hären hunn es genuch, sech vun anere soen ze loossen, wat dat bescht fir si wier, an decidéieren, eng autonom Wunngemeinschaft ze grënnen.
Mä dat ass méi einfach gesot wéi gemaach, well et feelt u Suen, an all déi bei deene se gemengt hunn e Steen am Briet ze hunn déi gëtt et entweeder scho laang net méi, oder se erënnere sech net wierklech u se, oder se sinn ze knéckeg a verschrullt fir eppes bäizeginn. An da sinn do och nach hir Kanner, déi entweeder Misär maache well se selwer d'Enner net zesumme kréien, géint nei Relatioune vun hiren alen Eltere sinn oder en ale Stot un d'Tierkele bréngen. Mä absënns den Nuckes gëtt als alen 68er Protestler es net midd, um gemeinsame Plang festzehalen. En huet et just mam Häerz, mee och dat mécht en net ëm en Auswee verleeën, a sou zéie seng dräi Kolleege weider mat um dacks bossegen a laange Wee an d'Autonomie.
Am November 2015 huet de Selektiounscomité vum Lëtzebuerger Filmfong annoncéiert, datt Paul Thiltges Distributions fir d'Produktioun vu Rusty Boys géif eng finanziell Ënnerstëtzung an Héischt vun 1,95 Milliounen Euro kréien.[1] Obwuel den Andy Bausch de Grondrëss vum Film geschriwwen hat, gouf e vum Filmfong opgefuerdert fir e mat engem aneren Dréibuchauteur ze iwwerschaffen. Dofir huet hie mam Frank Feitler zesummegeschafft, mat deem hie schonn an den 1990er kollaboréiert hat.[2][3]
Mat den Dréiaarbechte gouf de 26. Abrëll 2016 ugefaangen.
D'Avant-Première vum Film war de 24. Januar 2017, een Dag éier en an de reguläre Kino koum. Et ware ronn 500 Leit bei der Première, dorënner den Ierfgroussherzog Guillaume a seng Fra Stéphanie.[4][5]
De Film koum och an enger op däitsch synchroniséierter Versioun an Däitschland eraus, ënnert dem Titel Alte Jungs.
Zesumme mam DVD ass och e Buch mat 80 Säiten iwwer d'Produktioun vum Film erauskomm.[6]
De Film war e grousse kommerzielle Succès zu Lëtzebuerg, wou en am Ganze vun 21.817 Leit am Kino gesi gouf.[7] Domat ass et ee vun de lëtzebuergesche Filmer, deen déi meescht Zuschauer an de Kino gezunn huet.[8]
2017 gouf de Film op de Filmfestivalle vu Bozen,[9] Liverpool[10] an Oldenburg[11] gewisen.
D'Joer drop ass en um European Union Toronto Film Festival zu Toronto an um Taiwan European Film Festival zu Taipeh gelaf.
Pablo Chimienti, Le Quotidien:[12]
Le film tape bien et fort, là où ça fait mal [...] et propose surtout une photo très réaliste du pays. [...] Si le réalisateur, et donc le film, ne parvient pas à éviter l'une ou l'autre maladresse ou quelques petites scènes qui ne passent pas, il réussit à donner à son récit une grande intensité et une grande justesse. [...] Il en est de même pour les dialogues, ciselés comme il faut, précis, pertinents et avec pas mal de bons mots qui fusent tout au long des 107 minutes du film, ce qui sied à merveille au franc-parler sans filtre des quatre personnages principaux. Résultat, ce Rusty Boys, s'annonce comme le meilleur film de la filmographie d'Andy Bausch.
Der im Laufe der Filmhandlung von einer Reihe harter Schicksalsschläge getroffene Nuckes ist eine der wenigen nicht platt eindimensionalen Figuren des Films. Blass dagegen bleiben Jängi – auch wenn der mit ein paar gut gesetzten trockenen Pointen für sich einnehmen kann – sowie Fons, dessen sexistischer Sprüche und Impotenz-und Inkontinenzwitze man schnell überdrüssig wird. Besonders enttäuschend sind jedoch der allgegenwärtige Sexismus und das gelegentliche fat shaming. Es wimmelt von abschätzigen und objektivierenden Kommentaren zu Frauen, und von der schrillen, eifersüchtigen Gattin bis zur auf ihren Körper reduzierten jungen Schönheit, werden alle gängigen Klischee-Figurentypen eingesetzt. Und so lässt sich denn zu Bauschs Film letztlich nur dies sagen: Der Drehbuchautor und Regisseur ist mit allen Klischees des Genres vertraut und weiß diese auf unterhaltsame Weise zu reproduzieren, wirklich Neues und Originelles hat „Rusty Boys“ jedoch nicht zu bieten.
Vesna Andonovic, Luxemburger Wort:[14]
„Rusty Boys“ reiht sich nahtlos in die Serie internationaler Filme über das Älterwerden und -sein [ein.] [...] Dabei bleibt er stets tief in der Luxemburger Realität und Eigenart verwurzelt. [...] Statt mit Kitsch und Nostalgie erzählt Bausch mit viel Empathie und einer kleinen Prise sympathischer Klischees in „Rusty Boys“ von einer alten Welt und ihren altmodischen Figuren. Eine Zigarette nach der anderen wird „geflutscht“, hier und da auch mal ein sexistischer Witz gerissen und am Rande kurz eine abfällige Bemerkung über Zuwanderer gemacht – dabei macht dies die Figuren liebenswert, da sie in ihren Schwächen urmenschlich bleiben.
filmdienst.de:[15]
Der heitere Ensemblefilm beschäftigt sich mit den Sorgen und Wünschen der älteren Generation, die sich alleingelassen und vergessen fühlt. Den glaubwürdigen Schauspielern ist die Spielfreude anzumerken, gleichwohl erstickt der Film gelegentlich in Figuren- und Erzählfülle.