Useldeng | |
---|---|
Vue op Useldeng | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Useldange de: Useldingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Réiden |
Gemeng | Useldeng |
Buergermeeschter | Pollo Bodem (LSAP) |
Awunner | 622 |
15.02.2001 | |
Héicht | 240 m |
Koordinaten |
49° 46’ 08’’ N 05° 58’ 51’’ O |
Useldeng ass eng lëtzebuergesch Uertschaft. Et ass de Sëtz vun der Gemeng mat dem selwechten Numm.
D'Uertschaft läit riets a lénks vun der Atert, an ass den Haaptuert vun der Gemeng mat dem selwechten Numm.
Duerch Useldeng lafen d'Nationalstroossen N24 an N22, an d'Chemins reprisen CR305 an CR116.
Fréier, bis 1967, hat Useldeng och eng Gare, déi op der Atertlinn louch.
Op der Kopp, riets vun der Wollefsbaach tëscht Useldeng a Rippweiler, ass d'Fluchfeld vun Useldeng wou mat Seegelfligere geflu gëtt.
An der Mëtt vum Duerf op engem Fielsvirspronk steet d'Ruin vun der mëttelalterlecher Buerg Useldeng.
D'Nopeschdierfer vun Useldeng sinn am Sënn vun der Auer:
Commons: Useldange – Biller, Videoen oder Audiodateien |