Den Henri Losch, gebuer de 16. Juli1931 zu Dikrech a gestuerwen an der Nuecht op de 26. Dezember2021[1][2], war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Auteur a Film- an Theaterschauspiller.[3][4]
Hien ass zu Useldeng opgewuess an no der Primärschoul huet hie fir Schoulmeeschter geléiert. Seng éischt Plaz als Schoulmeeschter war zu Grooljen ier hien op Uewerpallen koum, wou hien 1956 dem Schoulmeeschter René Goebel seng Plaz iwwerholl huet a wou hie sech direkt als Theaterspiller wärend den dräi Joer, wéi hien do war, bemierkbar gemaach huet, ier hien 1958 an d'Stad an de Centre de logopédie gewiesselt huet. Als pensionéierte Schoulmeeschter vun der Stad Lëtzebuerg a Chargé-de-cours fir Dictioun am Escher Conservatoire, Theater a Filmacteur, Member vum Lëtzebuerger Theater 1962-1973 [5], wou hie sech als Schüler vum Eugène Heinen am Theaterspill perfektionéiert huet, Grënnungsmember vum TOL, Dréibuchauteur vun zwou grousse Filmproduktiounen, Déi zwéi vum Bierg an De falschen Hond[6], realiséiert vum Hei Elei, fräie Mataarbechter bei RTL, Conferencier a Presentateur vu Concerten[7][8], Éieremember vum Comité Alstad, huet hie sech zanter 1990 besonnesch mat der Lëtzebuerger Sprooch beschäftegt an huet och Lëtzebuergesch-Course ginn.
Grammaire vun der Lëtzebuerger Sprooch, Minist.Éduc.Nation. 2005
Les verbes luxembourgeois / D'Lëtzebuerger Verben zesumme mat: Braun, Josy, Marianne Johanns-Schlechter, Josée Kauffmann-Frantz, Geneviève Magnette-Barthel, 2005. Ministère de l'éducation nationale et de la formation professionnelle, Service de la formation des adultes. Éd. Guy Binsfeld. 234 p. ISBN 978-2-495-00026-0.
Iwwer Bierg an Dall: Lëtzebuerger Auteuren op der Rees, Éd. Guy Binsfeld, 2005
100 Joer Esch: 1906-2006, Éd. Guy Binsfeld, 2005
D'Messer am Réck., Éd. Guy Binsfeld, 2006
Lies a fléi 2, Education nationale, 2006
Iwwer Grenzen., Éd. Guy Binsfeld, 2007
E Buch am Zuch. Initiativ Freed um Liesen, 2009, 2011, 2017, 2022
100 Jahre Feuerwehrverband Kanton Capellen, Capellen: Feuerwehrverband, 2010
Commémoration Anne Beffort, Mamer 2010, Cercle philatélique, 2010
Saz fir Saz: Texter iwwer Musek, Éd. Guy Binsfeld, 2010
Am anderen Ende der Lichtung : Luxemburger Autoren über Leben, Tod und Trauer, Éd. Guy Binsfeld, 2010
Literaresch Welten: Eng Lëtzebuerger Anthologie an dräi Sproochen, Ministère de l‘Education nationale et de la Formation professionnelle, 2012
Erënnerungsraim: Texter iwwer Konscht, Kultur a Kollektiounen, Éd. Guy Binsfeld, 2013
Fester feiren: Texter iwwer Uläss, Gäscht a Festivitéiten Éd. Guy Binsfeld, 2014
Dieter Konsek: D'Julie an d'Dramvillercher, Edit. Guy Binsfeld. 2000
Debbie Lavreys: **Wat ass da mam Mound lass?, Edit. Guy Binsfeld 2006.
Lëtzebuerg, e Land a seng Leit, Imprimerie Centrale, 2007 (vu Lëtzebuergesch op Däitsch, Franséisch an Englesch)
Sarah Salmona: Esou sinn ech. ALAN. 2016
Mataarbechter bei der Produktioun vun
Brochure pédagogique à l'occasion de la représentation théâtrale: Mississippi-Boys de Ed Maroldt, Ville de Luxembourg, 1983
Les Souverains du Luxembourg, Lions Club Mameranus, 2000
Facsimilé du plan de la forteresse de Luxembourg de Thomas Mameranus: 500e anniversaire de la naissance de Nikolaus Mameranus, Lions Club Mameranus, 2000
Michel Rodange Owend 2001: Programm, Comité Alstad, 2001
Informationstafeln des kulturellen Erbes der Gemeinde Mamer, Leader West, 2013 [12]
Lieux de mémoire nr. 4, Thanksgiving 1944 zu Uselding, 2018, Ripevusch [13]
Ausstellung: 30. Tag der Maximaphilie und "Krieg und Frieden", Gemeng Mamer, 2019 [14]
Fir ze lauschteren
Henri Losch: E Bouf erzielt - Eng gewéinlech, ongewéinlech Kannerzäit am Krich, eng Audio-CD, gelies vum Auteur, Éditions Guy Binsfeld, September 2007, 11 Geschichten, eng 72 Minutten.
De Grompere Kinnek: Eng flott Geschicht, 2007
Pétrusse Express: d'Stëmm vum Guide touristique op Lëtzebuergesch
DAS TOTALE THEATER „Ennerwee“, ein Stück von Pol Greisch, uraufgeführt vom „Théâtre Ouvert Luxembourg“. In: Luxemburger Wort, 27.01.1978.
Le Quichotte interpreté par Henri Losch, In: Luxemburger Wort, 25.06.1980
Don Quichotte (Henri Losch) tel qu'il surgit de l'imagerie de notre enfance, In: Luxemburger Wort, 28.06.1980
Misch Bock und Henri Losch als eigenbröterische Rentner. Zwei Figuren wie aus einem Stück von Becket, d'Lëtzebuerger Land, 22.01.1982
Deemols, wéi d'Naziën hei waren. "Déi Zwéi vum Bierg" ab diesem Sonntag im "Hei elei kuck elei". Ein Fernsehfilm über dunkle Zeiten. In: Télécran 26.01.1985
Vun Zauberinnen, Ritter a Buergen an der Kannerliteratur. In: LiteraTour, S.8-9. 26.02.2003
Am grujelegen Tunnel. In: LiteraTour, S.9. 25.02.2004.
Wider das Vergessen: Henri Losch. In: Revue (n.39), S.106-109. 25.09.2004.
Henri Losch: E Bouf erzielt: Eng gewéinlech, ongewéinlech Kannerzäit am Krich. In: Livres-Bücher-n.10, S.15. 15.10.2004
La guerre racontée par un enfant. Henri Losch vient de sortir "E Bouf erzielt", il y relate son enfance durant les heures noires de la Seconde Guerre mondiale. In: Le Quotidien 29.10.2004
Eng gewéinlech, ongewéinlech Kannerzäit am Krich. In: LiteraTour, S.16-17. 24.11.2004
Losch, Henri: E Bouf erzielt. In: Galerie 23, S.296-297. 2005
Entre Résistance et résistances. Les films documentaires luxembourgeois ayant pour sujet la Deuxième guerre mondiale, de "Pour la Liberté" à "Heim ins Reich". In: Lëtzebuerger Kino, S. 44-55. 2005.
"Friedhof der Kuscheltiere" meets "Fünf Freunde". Im Zeitalter von Handys und Computerspielen könnte sich Henri Loschs Krimi Häerzerkinnek als spannende Alternative zur Glotze erweisen. In: d'Lëtzebuerger Land 18.10.2007.
"Das Reisen ist anders geworden" In: Schéi Vakanz, Das informative Reisemagazin der Unternehmensgruppe Sales-Lentz. Nummer 30, S.22-23, Juli 2010.
Geschichte lebendig gestalten: Erste Generalversammlung der Mamer Geschicht asbl, Luxemburger Wort, 07.02.2011
Den Henri Losch war jorelang och als Guide touristique täteg, ënnert anerem fir Sales-Lentz. Hien huet eng ronn 50 Länner besicht gehat a sengem Liewen als Tourist an als Guide.
1987 war hien als Vertrieder vun der Lëtzebuerger Delegatioun op dem Sommet de la Francophonie zu Québec, Kanada.
E Bouf erzielt - Eng gewéinlech, ongewéinlech Kannerzäit am Krich ass dat am meeschte verkaaft Buch iwwer d'Joren am Ganze vum Henri Losch, wärend Koppeges a Bosseges: E Schoulmeeschter erzielt 2013 dee Bestseller an der Kategorie Literatur war.[22]
Den Henri Losch ass och op dem Sheetlet - Superjhemp retörns vun der Post Luxembourg op engem Timber drop a senger Rôle vum Haffmarschall [23]
1990 war hien Grënnungsmember vum Lions Club Mameranus, Präsident vun 1993-1994 an Titulaire vum Melvin Jones Award 2018 [24]
2010 war den Henri Losch Grënnungsmember vun der Mamer Geschicht asbl, en Veräin deen sech mat der Lokalgeschicht vun der Gemeng Mamer beschäftegt [25]