Hiren Numm huet d'Stad, dem Vaterländliches Lesebuch für die luxemburger Volkschule 1885 no, aus der Zäit vum Karel dem Groussen. Hien huet um Enn vum 8. Joerhonnert Sachsen an d'Géigend vun Dikrech ëmsidele gelooss, fir s'ënnert seng Kontroll ze bréngen. Fir déi heednesch Sachsen zum Chrëschtentum ze bekéieren huet hien dunn zu Dikrech eng Kierch baue gelooss. Duerch den Numm, deen d'Sachsen der Kierch ginn hunn (Diet-Kirch = Vollekskierch), ass am Laf vun der Zäit den Numm Dikrech entstanen.
Schonn an der Réimerzäit gouf et op der Plaz vun der haiteger Alstad e grousse landwirtschaftlechen Haff. Do virdrun huet de KiemTongeren-Tréier iwwer d'Sauer gefouert.
Am Mëttelalter hunn d'Dikrecher sech mat Festungsmauere geschützt, mat 8 Tierm a 4 Paarten, virun deenen e Waassergruef war.
Dikrech ass och bekannt duerch säi fréieren Hippodrom, op deem 1895 déi éischt Päerdscourse zu Lëtzebuerg geridde gouf. D'Päerdscourssen, déi do bis zum Zweete Weltkrich, an nach eng Kéier duerno, geridde goufen, waren ëmmer staark besicht.
Déi schwéierst Zäit hat Dikrech, wéi déi meescht Éisleker Gemengen, am Zweete Weltkrich. Zemools am Dezember 1944, wou de ganze Sauerdall d'Südflank vun der Ardennenoffensiv war, gouf et zu Dikrech schwéier Gefechter, bei deenen den Zentrum vun der Stad bal ganz zerstéiert gouf.
De gréisste Musée zu Dikrech ass den Nationale Militärgeschichtsmusée, de Musée national d'histoire militaire (MNHM), op Englesch National Museum of Military History. Nieft dem wichtegsten Deel, senger Sammlung aus der Ardennenoffensiv, behandelt d'Ausstellung och Theeme wéi d'Gefaangenschaft vun de Lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert oder d'Grënnung vun der Lëtzebuerger Arméi an hir Aufgaben nom Krich.
De Geschichtsmusée vun der Stad Dikrech nieft der St Laurenz Kierch, de Musée d'histoire(s) Diekirch (MHSD), an deem e Réimermosaik aus dem 3. Joerhonnert ausgestallt ass. Vum Musée aus kann een d'Krypta vun där Kierch gesinn. De Musée ass de 17. September 2011 opgaangen.
Den Däiwelselter ass dat eelst Monument zu Dikrech. De 7 Meter héije Steebou ass awer keen Altor, mä et soll sech ëm e Graf handelen, dat vun 2000 v. o. Z. stame soll, dat 1892 zu engem Steebou zesummegesat ginn ass.
Am Staddeel Al Dikrech steet déi fréier Parkierch St Laurenz Kierch aus dem 6. Joerhonnert, einfach Al Kierch genannt, an där reegelméisseg Concerte gespillt ginn. Déi nei St Laurenz Kierch ass aus dem 19. Joerhonnert.
Den Ieselsbuer an der Groussgaass.
D'Zockerfabrick vun der aler Dikrecher Brauerei, déi zanter 2011 op der Lëscht vun den immeubles et objets inscrits à l'inventaire supplémentaire[3] stoung, ass den 18. Abrëll 2021 duerch e Groussbrand staark beschiedegt ginn[4].
↑Emile Donckel "Wenn der Ortsname auf Volkskirche gedeutet werden könnte, dann allerdings dürfte bereits vor der Einrichtung der Pfarrorganisation in der Merowingerzeit in Diekirch ein kirchlicher Stützpunkt bestanden haben". Unsere Pfarrer von 1326 bis 1793 - Ein Beitrag zu einer Pfarrgeschichte von Diekirch, in: 700 - Livre du 7ième Centenaire de l'Affranchissement de la Ville de Diekirch; Dikrech (Imprimerie du Nord), 1960; vgl. d'Ss. 69- 91.