En Altor ass ursprénglech e Steen oder en Assemblage vu Steng op deem engem oder méi Gëtter en (Déieren-)Affer duerbruecht gëtt (cf.Gn 22,9).
Altär gëtt et a ville Relioune mat ënnerschiddleche Verwendungen, sou gëtt et z. B. Altär op deene Statue veréiert ginn an dëse Wäihrauchaffer duerbruecht ginn.
De Volleksaltor ass den Altor, a Form vun engem Dësch, op deem hautdesdaags d'Mass gefeiert gëtt (dofir nennt een en och nach Zelebratiounsaltor); e gouf no der Liturgiereform an alle Kierchen opgestallt, fir datt de Priister sech de Leit kann zoukéiere wann en d'Eucharistie feiert. An neien oder frëschgemaachte Kierchen ass et den eenzegen Altor an der Kierch.
Um Héichaltor, deen hannen am Chouer steet, gouf virun der Liturgiereform d'Mass gefeiert, well de Priister virdru stoung (an de Leit de Réck gedréit huet) konnt dësen Altor en héijen Opbau (Retabel) hunn (dohier den Numm). An dësem Opbau war den Tabernakel an dodriwwer Statuen oder eng Molerei (meeschtens a Relatioun mam Patréiner vun der Kierch). Hautdesdaags gëtt dësen Altor net méi benotzt, steet awer nach a ville Kierche wéinst senger konschthistorescher Bedeitung.
Säiten- oder Niewenaltär gëtt et dacks méi an enger Kierch. Si stamen aus enger Zäit, an där nach méi Masse konnte gläichzäiteg an enger Kierch gefeiert ginn, also bis zur Liturgiereform. Vun der Form hier gläiche se staark dem Héichaltor, se si just méi kleng, well se meeschtens mateneen opgestallt goufen.