Dësen Tourismusartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Alexis Heck | |
---|---|
Gebuer |
18. Februar 1830 Dikrech |
Gestuerwen |
6. Februar 1908 Dikrech |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Hotelier |
Famill | |
Kanner | Félix Heck |
Den Alexis Heck, gebuer den 18. Februar 1830 zu Dikrech an do gestuerwen de 6. Februar 1908, war en Hotelsbesëtzer an e Pionéier vum Tourismus zu Lëtzebuerg an der Mëtt vum 19. Joerhonnert. Hien huet zu Dikrech den Hôtel des Ardennes bedriwwen.
Zu London an zu Antwerpen huet den Alexis Heck Plakater ophänke gelooss, fir Reklamm fir Lëtzebuerg ze maachen. Hien huet ëm 1893 en Touristeguide op Englesch erausbruecht: The Grand Duchy of Luxembourg: A short Handbook for Travellers.
Hien ass de Papp vum Félix Heck.