Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Bhimrao Ramji Ambedkar | |
---|---|
Gebuertsnumm | Bhīvā Rāmjī Sakpāḷ, भीवा रामजी सकपाळ |
Gebuer | 14. Abrëll 1891 |
Gestuerwen |
6. Dezember 1956 Nei-Delhi |
Doudesursaach | Krankheet |
Nationalitéit | Brittesch-Indien, Indien |
Educatioun |
Columbia University, London School of Economics |
Aktivitéit | Ekonomist, Politiker, Jurist, Soziolog, Anthropolog, Pedagog, Schrëftsteller, Philosoph, Journalist, Revolutionär, Professer, Politolog, Riedner, Historiker, Humanitarier, Mënscherechtler, Friddensaktivist, Autobiograph, Politesche Schrëftsteller, Theolog, Moler, Fraerechtler, Essayist |
Bhimrao Ramji Ambedkar, gebuer de 14. Abrëll 1891 a gestuerwen de 6. Dezember 1956, och bekannt als Dr. Babasaheb Ambedkar, war en indesche Jurist, Ekonomist, Politiker a Sozialreformer. Hien huet d'Dalit Buddhist Beweegung inspiréiert a sech géint déi sozial Diskriminatioun vun de sougenannten Onberéierbaren (Dalits) agesat. Hien huet och d'Rechter vun de Fraen an den Aarbechter ënnerstëtzt. Hie war den éischte Minister fir Gesetz a Justiz vum onofhängegen Indien, den Architekt vun der Indescher Verfassung, a gëllt als de Grënnungspapp vun der Republik Indien.[1],[2],[3],[4],[5]
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
1956 huet hien eng Massekonversioun vu ronn 600.000 Dalits zum Buddhismus initiéiert an domat de Buddhismus an Indien erëmbelieft. Den Ambedkar gëtt als Bodhisattva ugesinn, a vun de Navayana-Buddhisten als d'Maitreya.[6],[7],[8]
1990 gouf de Bharat Ratna, déi héchst zivil Auszeechnung vun Indien, posthum un den Ambedkar verginn. No sengem Doud gouf a Form vun enger ganz Rëtsch Monumenter a Biller un hien erënnert, absënns an der populärer Kultur. Och als gesellschaftspolitesche Reformator hat hien en déiwen Effekt op dat modernt Indien.
2012, an enger Ëmfro vun der Geschichtstelevisiounschaîne TV18 a vun CNN IBN gouf den Ambedkar zum "Gréissten Inder" (The greatest Indian) gewielt.[9]
Ambedkar Jayanti ("dem Ambedkar säi Gebuertsdag") ass e jäerlecht Fest dat de 14. Abrëll an Indien, ma och uechter d'Welt, gefeiert gëtt. An Indien ass Ambedkar Jayanti en offizielle Feierdag.[10],[11],[12] D'Vereenten Natiounen hunn Ambedkar Jayanti am Joer 2016, 2017 an 2018 gefeiert.[13],[14],[15]
Commons: Bhimrao Ramji Ambedkar – Biller, Videoen oder Audiodateien |