22. November: Den ofgesaten ungaresche Ministerpresident Imre Nagy gëtt vum sowjetesche KGB verhaft an a Rumänien verschleeft.
Lëtzebuerg
Mat ënner -20° dee keelste Wanter vum 20. Joerhonnert.
27. Juli, 25. Oktober an 2. November: Verfassungsännerunge leeën d'Mandat fir all Deputéiert op 5 Joer fest an erméiglechen en et, Deeler vun der Souveränitéit un international Institutiounen ze iwwerdroen (Art. 49 bis).
3. September: Per Gesetz gëtt eng Pensiounskeess fir Baueren agefouert.
30. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Wien, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1958 0:7 géint Éisträich.[2]