Ofkierzung: WP:FAQ
D'FAQ – Frequently Asked Questions enthält, opgedeelt op verschidde Säiten, Äntwerten op heefeg Froen zu der Wikipedia. Wann Dir nei bei der Wikipedia sidd, kënnt Dir Iech och eis Begréissungssäit ukucken. Wann Är Fro hei net beäntwert ass, kënnt Dir se op eiser Froesäit stellen - do kann Iech dann en anere Wikipedianer weiderhëllefen.
- Wisou sollt ech bei Wikipedia matmaachen?
- Gëtt et Reegelen, un déi ee sech hale muss?
- Gëtt et eng Plaz, wou ech mol e bëssen testen kann, ouni eppes futti ze maachen?
- Ech géif gären hëllefen, mä ech fäerten, Dommheeten ze soen.
- Muss ech ee Benotzerkont hunn oder kann ech och anonym ënner enger IP-Adress schreiwen?
- Wat ass eigentlech e Benotzerkont a wat bréngt en?
- Ech géif gäre mäi Benotzernumm änneren.
- Ech géif gären d'Attributioun fir eng Ännerung änneren?
- Wéi maachen ech e ganz neien Artikel op?
- Wéi änneren ech en Artikel?
- Wéi änneren ech den Titel vun engem Artikel? Z. B. den Artikel „D'Egyptologie“ sollt éischter „Egyptologie“ heeschen.
- Wéi kann ech rezent Ännerungen bei enger Säit verfollegen, ouni all Kéier mussen op d'Säit ze goen?
- Wat geschitt, wann zwou oder méi Persounen zur selwechter Zäit um selwechten Artikel schaffe wëllen?
- Wéi kann ech eng Säit läschen?
- Wéi kann ech eng Säit änneren, op där schonn eng Viruleedung besteet?
- Wat ass eng Spezialsäit?
- Wéi kréien ech e Bild op meng Säit?
- Wéi kann ech op e Bild linken, ouni et unzeweisen?
- Meng Biller sinn ze grouss fir d'Säit.
- Ech hunn eng interessant Source vun Donnéeë fonnt, mä ech weess net, ob ech dat a mäin Artikel kopéieren dierf.
- De Contenu vu Wikipedia, ass dee "fräi" (am Sënn vun Free content)?
- Ech kann d'Autorisatioun kréie fir divers Dokumenter op Wikipedia ze benotzen. Geet dat duer?
- Duerf een op Wikipedia Wuert fir Wuert Gesetzestexter oder aneres kopéieren?
- Ech hunn en Artikel ugefaangen, mä si mat mengem Latäin um Enn. Wéi kréien ech anerer dozou, den Artikel ze completéieren?