Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Antoine Hirsch | |
---|---|
Gebuer |
22. Mäerz 1868 Eech |
Gestuerwen |
11. August 1934 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Architekt |
Member vun | Cercle artistique de Luxembourg |
Den Antoine Hirsch oder Anton Hirsch, gebuer den 22. Mäerz 1868 zu Eech, a gestuerwen den 11. August 1934[1] an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Ingenieur, Architekt, Auteur, Moler an Direkter vun der Handwierkerschoul.
Den Antoine Hirsch war de Jong vum Peter Hirsch an der Maria Magdalena Adrienne Busse[2].
No der Industrieschoul huet hien en Ingenieursstudium zu Léck gemaach an duerno zu Oochen Architektur a Konschtegschicht studéiert[3] a sech dono als Ingenieur-Architekt zu Augsburg etabléiert.
Hie koum duerno bei d'Firma Maus op Frankfurt am Main wou hien als Ingenieur geschafft huet. Méi spéit gouf hien zu Budapest Direkter bei enger Filial vun der Frankfurter Maschinnefabrik Riedlinger.[4]
1897 krut hien eng Nominatioun als Direkter vun der neier École d'artisans de l'Etat an der Stad Lëtzebuerg[5]. Ënner senger Leedung ass d'Schoul 1911 an dat fréiert Jesuittenheem op de Lampertsbierg geplënnert. Hie war dono President vun der Association des Ingenieurs et Industriels luxembourgeois.
Hie war Member, a vun 1901 bis 1904 President, vum Cercle artistique de Luxembourga Grënner vun der Revue technique luxembourgeoise[6] an där hien och selwer iwwer Konscht a Konschthandwierk publizéiert huet.[4] 1906 huet hien en däitschsproochegt Theaterstéck publizéiert, eng Adaptatioun vum Hartmann vun Aue sengem Iwein.
Den Hirsch war mat der Cornélie Mihalovits (gestuerwen 1910), a vun 1913 u mat der Belscher Antoinette Jung bestuet.
1929 krut hien den Ordre de la couronne de chêne am Grad vum Offizéier.
Fir un den Antoine Hirsch z'erënneren, koum de 15. Mee 2018 vun der Lëtzebuerger Post en Timber vun 0,70 € eraus[7], an de Stater Gemengerot huet den 23. Dezember 2015 decidéiert, eng nei Strooss um Lampertsbierg no him ze nennen[8]