Pierre Braun | |
---|---|
Gebuer |
5. Januar 1872 Giewel |
Gestuerwen |
16. Mäerz 1956 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Jurist |
De Pierre Braun, gebuer[1] de 5. Januar 1872 zu Giewel, a gestuerwen de 16. Mäerz 1956 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.
Vun 1902 bis 1903 war hien Distriktskommissär vum Distrikt Gréiwemaacher a vun 1903 bis 1910 Distriktskommissär vum Distrikt Lëtzebuerg.
Vum 9. Januar 1910 bis den 3. Mäerz 1915 war hie Generaldirekter (Minister) fir den Interieur an der Regierung Eyschen.
Vun 1915 bis 1930 war hien Direkter vum Enregistrement an du bis 1937 Regierungskommissär bei der Banque Internationale a vum Abrëll 1934 bis den 20. September 1955 Administrateur bei der ARBED.
Hie war du vum 3. Mäerz 1915 bis de 16. November 1945 Member vum Staatsrot[2].
Zesumme mam Louis Klein war de Braun tëscht 1904 an 1908 ee vun den Haaptleit déi sech Suergen ëm d'Drénkwaasserversuergung am Südweste vum Land gemaach hunn, an op deenen hir Pläng hin, schliisslech de Syndicat des eaux du Sud entstanen ass.