An Asien ass den Zweete Weltkrich mam Iwwerfall vun de Japaner op China am Joer 1937 ugaangen. Fir Europa huet en den 1. September 1939 ugefaangen, wéi Däitschland Polen ugegraff huet, an doropshi Frankräich a Groussbritannien den 3. September 1939 Däitschland de Krich erkläert huet. En huet fir Europa, bis den 8. Mee 1945 gedauert. An Asien huet Japan eréischt am August 1945 d'Waffen néiergeluecht, nodeem zwou Atombommen Hiroshima an Nagasaki zerstéiert haten.
De Westfeldzuch
- 26. Mee - 3 Juni: Evakuéierung vum britteschen Expeditiounskorps zu Dunkerque Operatioun Dynamo
- 10. Juni - 13. Juni: Evakuéierung vun alliéierten Truppen zu Le Havre Operatioun Cycle
- 15. Juni - 18. Juni: Evakuéierung vum Rescht vun den alliéierten Truppen Operatioun Ariel
- 10. Juli - 31. Oktober: Loftschluecht iwwer England
Jugoslawien a Griicheland
De Balkan: Griicheland, Jugoslawien "Unternehmen Marita"
D'Schluecht ëm Kreta
- 18. - 27. Mee Operatioun Rheinübung
- 27. Mee: Versenkung vun der Bismarck
"Unternehmen Barbarossa", den Ugrëff op d'Sowjetunioun
De Partisanekrich
Nordafrika – De Rommel
D'Italiener hunn an Nordafrika - grad wéi scho virdrun an Europa - schwéier Réckschléi hinhuele missen. No enger feelgeschloener italieenescher Offensiv Enn vum Joer 1940 hunn d'Brite se a Libyen komplett néiergemaach.
Den däitsche Generol Erwin Rommel krut dowéinst am Februar 1941 den Uerder, fir mat schwaache Verbänn, dem Afrikakorps, de staark an Nout gerodene Bëndnispartner bei senger Verdeedegung z'ënnerstëtzen.
De Pazifikkrich
De Pazifikkrich vun 1941 bis 1945 tëscht de keeserleche japaneschen Truppen an den USA huet ugefaangen no dem japaneschen Ugrëff op Pearl Harbor op Hawaii de 7. Dezember 1941.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Pazifikkrich.
Musek aus dem Éischten an Zweete Weltkrich
Zaldotelidder op Däitsch
Zaldotelidder op Franséisch
Zaldotelidder op Englesch