Adolf Hitler
Gebuer 20. Abrëll 1889
Braunau am Inn
Gestuerwen 30. Abrëll 1945
Berlin
Doudesursaach Schosswonn
Nationalitéit Éisträich, keng, Weimarer Republik, Däitscht Räich 1933–1945
Educatioun Kollegiatstift Lambach,
Staats-Realschule,
Bundesrealgymnasium Linz
Aktivitéit Politiker
Partei NSDAP
Member vun NSDAP
Famill
Bestuet mat Eva Braun
Liewenspartner(in) Eva Braun
Mamm Klara Pölzl
Geschwëster Ida Hitler, Edmund Hitler

Den Adolf Hitler, gebuer den 20. Abrëll 1889 zu Braunau am Inn an Éisträich, a gestuerwen den 30. Abrëll 1945 zu Berlin am sougenannte Führerbunker duerch Suizid, war zanter 1921 "Führer" vun der NSDAP, zanter 1933 Reichskanzler an zanter 1934 als "Führer a Reichskanzler" gläichzäiteg Staatschef a Regierungschef vum Däitsche Räich.

Den Hitler huet an Däitschland déi nationalsozialistesch Diktatur vum "Drëtte Räich" opgeriicht, huet all Oppositiounsparteie verbidden a seng politesch Géigner verfollege gelooss. Hien huet den Zweete Weltkrich entfesselt an déi systematesch Entrechtung an Ermuerdung vun zirka 6 Milliounen europäesche Judden an anere Bevëlkerungsgruppen am Holocaust bedriwwen.

Säi Liewen

Nodeem den Hitler ouni Erfolleg versicht hat op d'Konschtakademie vu Wien opgeholl ze ginn, huet hien do als Konschtmoler gelieft.

Fir dem éisträichesche Militärdéngscht aus de Féiss ze goen, ass en op Münche gezunn.

Den Ausbroch vum Éischte Weltkrich huet den Hitler als Geleeënheet gesi, fir aus senger wéineg erfollegräicher Existenz erauszekommen. Hien huet sech fräiwëlleg bei d'Bayeresch Arméi gemellt a gouf schliisslech souguer fir säin Asaz als Meldegänger un der Westfront, wou hien e puermol verwonnt gouf, dekoréiert. Zum Schluss vum Krich hat hien de Grad vun engem Kaperol.

Nom Éischte Weltkrich huet den Hitler mat senger an der Ëffentlechkeet ausgedréckter Enttäuschung iwwer den Ausgank vum Krich, a mat senge Riede vun der däitscher Revolutioun, grouss Resonanz fonnt. Et louch him, fir an der Ëffentlechkeet ze polemiséieren, an hien huet et verstanen, duerch seng rhetoresch Begabung, Nolauschterer mat senge faschisteschen an antisemitteschen Usiichten unzezéien. Hie gouf vun der Münchener Reichswehr als Riedner agesat.

1920 ass den Adolf Hitler Member vun der klenger Partei NSDAP ginn, wou e séier onentbierlech gouf, fir den Opbau an d'Organisatioun vun der Partei. Hien huet als Propagandariedner géint de Versailler Friddensvertrag, an d'Erfüllungspolitik vun der deemoleger däitscher Regierung gewiedert.

No laanger innepolitescher Diskussioun gouf den Adolf Hitler den 30. Januar 1933 vum President Hindenburg zum däitsche Kanzler ernannt. Allerdéngs huet e mam "Ermächtigungsgesetz" d'Weimarer Republik definitiv ofgeschaaft an Däitschland an eng Diktatur gefouert. Nodeems en et fäerdegbruecht hat, fir mat der Sowjetunioun een Nichtangriffspakt (Ribbentrop-Molotov-Pakt) am August 1939 auszehandelen, huet en den 1. September 1939 den Zweete Weltkrich mat engen Iwwerfall op Polen ugefaangen.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Literatur

Bibliographien

Biographien

Verschiddenes

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Adolf Hitler – Biller, Videoen oder Audiodateien
Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.