uechtert d'Joer: An der Sowjetunioun ginn duerch stalinistesch Terrormoossnamen an de Méint a Joren duerno Honnertdausende vu Leit zum Doud verurteelt an higeriicht, well s'op déi eng oder aner Manéier als "verdächteg" oder soss "antisowjetesch" deklaréiert goufen (z. B. opgrond vum NKWD-Uerder Nr. 00439 vum 25. Juli, dem NKWD-Uerder Nr. 00447 vum 30. Juli oder deem vum 11. August).
29. Dezember: Déi iresch Verfassung trëtt a Kraaft. Aus dem Iresche Fräistaat gëtt Irland resp. Eire.
06. November: Italien trëtt dem Antikominternpakt vun Däitschland a Japan bäi.
Lëtzebuerg
23. Abrëll: Dat sougenannt Maulkuerfgesetz gëtt mat der Majoritéit vun de Regierungsparteien, 34 dofir, 19 dogéint, 1 Enthalung, an der Chamber gestëmmt.
06. Juni: Referendum zu Lëtzebuerg iwwer d'Maulkuerfgesetz, eng knapps Majoritéit vun de Wieler (50,67 %) ass dergéint. De Joseph Bech trëtt doropshin als Premierminster zeréck.
13. Juli: De bolivianesche Staatschef David Toro gëtt vu sengem Chef d'Etat-major Germán Busch Becerra gestierzt.
Asien
05. Juli: China dat an engem Biergerkrich tëscht Nationalisten a Kommunisten ass, huet duerch Vermëttlung vum Chou En-lai den Chiang Kai-chek an de Mao Tse-tung mat engem gemeinsamen Zil vereenegt: d'Japaner aus China ze verdreiwen.
07. Juli: Den "Tëschefall bei der Marco-Polo-Bréck" zu Peking léist den Zweete Japanesch-Chineesesche Krich aus (.
25. bis 31. Juli: Peking an Tianjin gi vu japaneschen Truppen eruerwert.
10. September: Kuomintang an d'Kommunistesch Partei vu China grënnen déi Zweet Eenheetsfront, de Mao Zedong alliéiert sech mat senger rouder Arméi mam Generol Chiang Kai-shek.
09. Dezember: Ufank vun der japanescher Belagerung vvu Nanking.
13. Dezember (bis 7. Februar1938): Massaker vun Nanking, wou Dausende vu Chineese vun der japanescher Arméi doutgemaach ginn.
11. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Esch-Uelzecht 1:5 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Gusty Kemp geschoss.[3]
25. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 3:2 géint Italien. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Gusty Kemp, Emile Everard a Léon Mart geschoss.[4]
06. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Arel 0:3 géint Belsch.[5]
28. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Rotterdam, Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1938, 0:4 géint Holland.[6]
Gebuer
0?: Renée Arend, lëtzebuergesch Keramikerin a Molerin.