Wilhelm Weis
Gebuer 15. Mäerz 1894
Clausen
Gestuerwen 23. Mäerz 1964
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller
Famill
Geschwëster Adolf Weis
Plack um Gebuertshaus vum Wilhelm Weis

De Guillaume Gustav (Wilhelm, Wëllem) Weis, gebuer de 15. Mäerz 1894 a Clausen, a gestuerwen den 23. Mäerz 1964 zu Lëtzebuerg, war e Lëtzebuerger Geeschtlechen a Schrëftsteller. Hien ass den eelere Brudder vum Adolf Weis. Seng Wierker sinn an däitscher an och a Lëtzebuerger Sprooch verfaasst.

Säi Liewen

[änneren | Quelltext änneren]

No der Primaireschoul am Pafendall a senge Secondairestudien an der Industrieschoul um Lampertsbierg goung hien an de Seminaire. 1920 gouf de Wilhelm Weis zum Priister geweit a gouf dat selwecht Joer Koadjutor am Konvikt an der Stad. Vun 1925 bis 1932 war hie Kaploun zu Bouneweg. 1932 krut hien d'Plaz als Paschtouer zu Koplescht. Hei huet hien tëscht 1934 a 1936 d'Briefe eines Hinterwäldlers geschriwwen. Am Joer 1936 ass hien zum Aumonier am Prisong am Gronn ernannt ginn. Op dëser Plaz war hie bis 1959 aktiv. No senger Pensionéierung huet hien um Lampertsbierg gelieft.
Säi ganzt Liewen huet hien a verschidde kathoulesch Publikatiounen, mä haaptsächlech am Lëtzebuerger Sonndesblad ënner dem Pseudonym Messager geschriwwen. Hie war och bekannt als Auteur vun den Texter op den Oktavbiller Unserer Lieben Frau.

1961 krut en de lëtzebuergesche Prix de littérature.

Säi Wierk

[änneren | Quelltext änneren]

De Wëllem Weis huet ënner e puer Pseudonyme geschriwwen: Hermann Berg, Sylvester, Bruder Klaus a Messager.

als Wilhelm Weis

[änneren | Quelltext änneren]

als Hermann Berg

[änneren | Quelltext änneren]

Bibliographie

[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren | Quelltext änneren]