E kathoulesche Bëschof erdeelt d'Priisterwei

E Priister (griich. πρεσβύτερος, presbyteros: Eelsten) ass eng Persoun, déi duerch eng reliéis oder gëttlech Kraaft ervirgehuewen oder geweit ass an dann als Vertrieder oder am Optrag vun enger Reliounsgemeinschaft, kultesch a rituell Handlunge vollzitt an doduerch als Vermëttler tëscht de Mënschen a Gott ugesi gëtt.

D'Amt, d'Funktioun an d'Verständnes vum Priister hänkt vun de verschiddene Reliounen a Konfessiounen of.

Am Juddentum an am Islam gëtt et keng Vermëttler tëscht Gott an de Mënschen, deemno sinn de Rabbiner an den Iman och keng Priister.

Kathoulesch Kierch

[änneren | Quelltext änneren]

An der Kathoulescher Kierch gëtt et engersäits Diözesanpriister oder Weltpriister: Si sinn an engem Bistum inkardinéiert, d.h. se gehéieren zu deem lokale Klerus an ënnerstinn dem Bëschof. Op der anerer Säit gëtt et Uerdenspriister: Si sinn an engem Uerden inkardinéiert, liewen no den Uerdensreegelen a stinn am Gehorsam vis-à-vis vun hirem Uerdensieweschten.

Orthodox Kierch

[änneren | Quelltext änneren]

E Priister an der Orthodoxer Kierch gëtt Pope (Russesch: поп, pop) genannt. Dat russescht Wuert pop kënnt vum Griicheschen παππαζ, (pappas), vun deem Wuert och d'Wuert Poopst staamt.

Vill Pope praktizéieren hir orthodox Relioun a Kierchen oder Kapellen, mä anerer, och nach Mënche genannt, doe sech a klenge Gruppen zesumme fir sech a Kléischter z'isoléieren (z. B. d'Meteoren an Nordgriicheland).

Am Géigesaz zu kathoulesche Paschtéier musse se sech net obligatoresch un d'Zölibat halen.

Um Spaweck

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Priisteren – Biller, Videoen oder Audiodateien