D'Via Lemovicensis ass de laténgeschen Numm vun engem vun de véier Jakobsweeër a Frankräich. De Wee féiert iwwer Limoges. Déi Stad huet dem Wee och den Numm ginn. D'Haaptversammlungsplaz fir d'Pilger déi aus dem Norden an Nordoste kommen ass d'Abbaye de la Madelaine zu Vézelay.
Am éischten Drëttel vum Wee viru Limoges, huet en d'Auswiel vun zwou grousse Varianten, déi eng méi nërdlech iwwer Bourges a Châteauroux mat 267,3 km, an déi aner méi am Süden iwwer Nevers a Saint-Pierre-le-Moûtier mat 290 km. Et gëtt op der Streck iwwer Nevers nach eng zweet Méiglechkeet fir iwwer Sancoins ze trëppelen, an déi ass 257,1 km laang.
Proposéiert Etappen op der Streck iwwer Nevers op Eguzon
A Klengschrëft stinn Uertschaften déi net als Etappenuertschaften zielen am Sënn vum Guide du Randonneur. Wann et op der Wikipedia keen Artikel vun där Uertschaft gëtt, da verweist de Link op d'Gemeng an där se läit.
Vu Saint-Léonard-de-Noblat aus gëtt et d'Méiglechkeet fir net brauchen duerch Limoges ze trëppelen an zwar mat enger Etapp zu Solignac fir duerno erëm op Les Cars ze kommen.
Aix-sur-Vienne: fir op Aix-sur Vienne ze komme muss een duerch Limoges trëppelen.
Les Cars - Lautrette - Châlus - Firbeix - Saint-Pierre-de-Frugie - La Coquille
Vu Roquefort-de-Marsan aus sinn et nach 990,5 km bis op Santiago de Compostela. Zu Retjons 9,5 viru Roquefort steet e grousse Kilometersteen op deem de Kilometrage 1000 ënner enger Jakobsmuschel affichéiert ass.