| |||||
---|---|---|---|---|---|
D'Kierch Saint-Solange | |||||
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Centre-Val de Loire | ||||
Departement | Cher | ||||
Arrondissement | Bourges | ||||
Kanton | Saint-Germain-du-Puy | ||||
Postcode | 18220 | ||||
Gemengecode | 18235 | ||||
Koordinaten | 47° 08’ 14’’ N 02° 33’ 02’’ O | ||||
Fläch | 3 185 ha | ||||
Bevëlkerung | 1 180 (2010) |
Sainte-Solange ass eng franséisch Gemeng am Departement Cher an der Regioun Centre. Sainte-Solange läit am Nordoste vu Bourges am Dall vum Ouatier, en Niewefloss vun der Yèvre.
Bis an d'9. Joerhonnert huet Sainte-Solange Saint-Martin-de-Crot geheescht, an huet zum Kapitel vun der Kathedral vu Bourges gehéiert. Haut heescht nach just d'Haaptstrooss an der Uertschaft sou. De Martyrium vun der Schéiferin Solange ass d'Origine vum haitegen Numm vun der Gemeng.
Et ass déi eenzeg Uertschaft am Berry, déi den Numm vun der Patréinesch vun der Géigend dréit.
Uertschaft virdrun Brécy |
Jakobswee Via Lemovicensis |
Uertschaft duerno Bourges |
Commons: Sainte-Solange – Biller, Videoen oder Audiodateien |