Den Tarzan ass eng vum Edgar Rice Burroughs erduechte Figur, déi fir d'éischt am Joer 1912 an der Geschicht Tarzan of the Apes opgetrueden ass. D'Geschicht war an der Oktobernummer vum All-Story Magazine ze liesen. A Buchform ass se 1914 erauskomm.
Den Tarzan ass de Jong vu britteschen Adelegen, säi richtegen Numm ass John Clayton III., Lord Greystoke. Hie geréit als Puppelche mat sengen Elteren an den afrikaneschen Dschungel, nodeems hiert Schëff ënnergaangen ass. Seng Eltere stierwe kuerz duerno, an hie gëtt vum Afeweibche Kala opgezillt. Wéi e grouss gëtt, klaut den Tarzan (wat an der Afe"sprooch" "wäiss Haut" heescht) vu schwaarzen Awunner Gëftfeiler a bréngt domat e Léiw ëm, aus deem sengem Pelz e sech säi Cache-sexe bitzt. Enges Daags begéint hien dem Jane, der Duechter vun engem Wëssenschaftler (déi a bal alle Filmer schwaarz Hoer huet, am Buch awer blond ass), a verléift sech an hatt. Wéi d'Jane, nodeems se eng Zäitchen zesumme verbruecht hunn, nees a Groussbritannien zeréckgeet, decidéiert den Tarzan, matzegoen. Si bestuede sech a kréien e Jong, den Jack. Am véierte Band vun der Buchserie (The Son of Tarzan) fiert den Jack heemlech an Afrika, wou en dat selwecht Liewe féiert, resp. féiere muss wéi virdru säi Papp. Och den Tarzan ka sech net un déi hypokritesch englesch Gesellschaft gewinnen a fiert mam Jane hannescht an Afrika, wou se nach ëmmer liewen...