07. Mäerz: Däitschland kënnegt den Traité vu Locarno. D'Wehrmacht besetzt dat entmilitariséiert Rheinland. Groussbritannien refuséiert, Frankräich hëllefen ze kommen, fir et zeréck ze erueweren, soudatt näischt geschitt.
28. Abrëll: Nom Doud vu sengem Papp Fuad I. gëtt de Faruq mat 16 Joer neie Kinnek vun Egypten.
09. Mee: Nodeem Italien den Abessinienkrich gewonnen huet, annektéiert et Ethiopien. D'Kolonie Italieenescht Ostafrika gëtt gegrënnt; de Kinnek Viktor Emanuel III. gëtt zum Keeser vun Ethiopien proklaméiert.
12. Juli: De Militärputsch vum 26. Februar, a Japan ënner dem Numm 2/26 bekannt, gouf schonn no zwéin Deeg vun de Rebellen opginn a koum onbluddeg op en Enn, ausser fir déi siwe Politiker, déi hiert Liewe gelooss hunn, wéi och déi 13 Offizéier a 4 Zivilisten, déi zum Doud verurteelt an den 12. Juli higeriicht goufen.
05. Dezember: An der Sowjetunioun léist eng nei stalinistesch Verfassung déi sowjetesch vun 1924 of.
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt
Konscht a Kultur
Molerei
Literatur
Musek
02. Mee: D'musikalescht Märchen De Pierchen an de Wollef vum Sergei Prokofjew gëtt fir d'éischt Kéier opgefouert.
26. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Arel 1:3 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Léon Mart geschoss.[3]
09. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:5 géint Irland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Léon Mart geschoss.[4]
27. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Krefeld 2:7 géint Däitschland. Déi zwéi Goler fir d'Lëtzebuerger huet de Gusty Kemp geschoss.[6]
08. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 3:1 géint Schwäiz. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Gusty Kemp, Léon Mart an Oscar Stamet geschoss.[7]
Wëssenschaft an Technik
Den Hoover-Staudamm (1942)
01. Mäerz: Den Hoover-Staudamm gëtt an den USA a Betrib geholl.