Robert Stephens | |
---|---|
Gebuer |
14. Juli 1931 Bristol |
Gestuerwen |
12. November 1995 London |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Maggie Smith |
Kanner | Toby Stephens |
De Sir Robert Stephens, gebuer de 14. Juli 1931 zu Bristol an England a gestuerwen den 12. August 1995 zu London, war en englesche Schauspiller.
De Robert Stephens war op der Bün besonnesch bekannt duerch seng Optrëtter a Shakespeare-Theaterstécker. Dernieft huet hien awer och an iwwer 90 Kinos- an TV-Filmer matgespillt. Zu senge wichtegste Rollen am Kino zielen d'Filmer A Taste of Honey (1961) vum Tony Richardson, Romeo and Juliet (1968) vum Franco Zeffirelli, The Private Life of Sherlock Holmes (1970) vum Billy Wilder a The Duellists (1977) vum Ridley Scott.