Maggie Smith | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Margaret Natalie Smith |
Gebuer | 28. Dezember 1934 |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Charakterschauspiller, Theaterschauspiller, Schauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Robert Stephens, Beverley Cross |
Kanner | Toby Stephens |
![]() |
D'Dame Maggie Smith, CH, DBE, gebuer den 28. Dezember 1934 zu Ilford, am Essex, mam ganzen Numm Margaret Natalie Smith Cross, ass eng englesch Schauspillerin, déi zu de populäersten Theater- a Filmactricë vun hirer Generatioun zielt.
Si huet bis ewell eng Abberzuel Theaterpersonnagen a ronn 70 Film-an Televisiounsrolle gespillt, an dobäi zweemol en Oscar gewonnen, een Tony Award, véier Emmyen, fënnef BAFTAen an dräi Golden Globen. Si spillt gär exzentresch Figuren, wéi déi al Joffer a Room with a View (1985), déi onselbstänneg Gräfin am Robert Altman sengem Gosford Park (2001) oder d'Mutter Oberin an de Sister Act-Kaméidisfilmer (1992/93). Si ass och bekannt fir hir Interpretatioun vun der Minerva McGonagall an den Harry-Potter-Filmer (2001 bis 2011) a vun der Violet Crawley an der englescher Televisiounsserie Downton Abbey (2010-2015).