Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Spiller vun der XXXIII. Olympiad | |
---|---|
Olympesch Summerspiller | |
Motto | Ouvrons grand les Jeux |
Maskottchen | Phryges |
Land | Frankräich |
Stad | Paräis |
Ufanksdatum | 26. Juli 2024 |
Schlussdatum | 11. August 2024 |
Spiller virdrun | Olympesch Summerspiller 2020 |
Spiller duerno | Olympesch Summerspiller 2028 |
Um Spaweck | https://www.paris2024.org, https://olympics.com/en/olympic-games/paris-2024 |
D'Olympesch Summerspiller 2024, offiziell Spiller vun der XXXIII. Olympiad, gi vum 26. Juli bis den 11. August 2024 zu Paräis a Frankräich ofgehalen. Et sinn no de Spiller vun 1900 an deene vun 1924 déi drëtt Olympesch Summerspiller déi zu Paräis organiséiert ginn.
D'Erëffnungszeremonie de 26. Juli ass op der Seine geplangt. 10.000 Athleete fueren op 180 Schëffer vum Pont d'Austerlitz bis bei de Pont d'Iéna iwwer de Floss an d'Spectateure kënnen de Spektakel vun den Uwänner aus kucken. Ursprénglech war geplangt, datt iwwer eng Millioun Spectateure bei der Zeremonie kéinten derbäi sinn. Wéinst Sécherheetsbedenke sinn awer schlussendlech just ronn 600.000 Leit zougelooss, dovu 500.000 op de gratis Stéiplazen an eng 100.000 VIPen, déi bis zu 2.700 Euro fir en Entréesticket bezuelen[1].
Et ass an der Geschicht vun den Olympesche Spiller déi éischt Kéier, datt eng Ouvertureszeremonie net an engem Stadion organiséiert gëtt.
Commons: Olympesch Summerspiller 2024 – Biller, Videoen oder Audiodateien |