Michael Lonsdale | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Michael Edward Lonsdale-Crouch |
Pseudonym | Alfred de Turri, Michel Lonsdale |
Gebuer |
24. Mee 1931 16. Arrondissement |
Gestuerwen |
21. September 2020 7. Arrondissement |
Nationalitéit | Frankräich, Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Schauspiller, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Schrëftsteller, Theaterregisseur, Moler |
![]() |
De Michael Lonsdale, gebuer als Michael Edward Lonsdale-Crouch de 24. Mee 1931 zu Paräis an och do gestuerwen den 21. September 2020, war e franséische Schauspiller an Theaterregisseur.[1]
De Lonsdale huet zu Paräis Schauspill studéiert. Vun 1955 un ass hien als Schauspiller am Theater aktiv. Am Theater huet de Lonsdale mat Regisseure wéi Jean-Louis Barrault a Peter Brook geschafft.
Seng éischt Filmroll krut hien am Joer 1956. Am Kino huet hien a Filmer vu bekannte franséische Filmregisseure wéi François Truffaut, Jean-Pierre Mocky, Marcel Carné, Jacques Rivette, Louis Malle, Alain Resnais a Bertrand Blier matgespillt. International bedeitend Regiseure wéi Orson Welles, Fred Zinnemann, Luis Buñuel, Joseph Losey an John Frankenheimer hunn hien och an hire Filmer engagéiert.
Hien huet och am James Bond Film Moonraker (1979) vum Lewis Gilbert d'Roll vum Hugo Drax dem Géigner vum Bond iwwerholl.
De Lonsdale war bis haut (November 2015) an iwwer 230 Kinos- an TV-Filmer ze gesinn.