Martin Sheen | |
---|---|
Gebuertsnumm | Ramon Antonio Gerardo Estevez |
Gebuer |
3. August 1940 Dayton |
Nationalitéit | USA, Irland |
Educatioun | Stella Adler Studio of Acting |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Synchronspriecher, Filmproduzent, Televisiounsproduzent, Theaterschauspiller, Friddensaktivist, Schauspiller, Ëmweltaktivist, Filmregisseur |
Partei | Democratic Party |
Famill | |
Bestuet mat | Janet Sheen |
Geschwëster | Joe Estevez |
Kanner | Charlie Sheen, Ramon Estevez, Emilio Estevez, Renée Estevez |
De Martin Sheen, mam richtegen Numm Ramón Antonio Gerardo Estévez, gebuer den 3. August 1940 zu Dayton, am Ohio, ass en US-amerikanesche Schauspiller.
Hie ass bekannt fir seng Haaptroll am Francis Ford Coppola sengem Apocalypse Now (1979) a fir seng Roll vum amerikanesche President an der Televisounsserie The West Wing.
De Martin Sheen ass och politesch a gesellschaftlech engagéiert; sou war hien e prominene Géigner vum Irakkrich, deen ënner der Presidentschaft vum George W. Bush gefouert gouf.
Seng véier Kanner sinn och all Schauspiller: den Emilio Estevez (* 1962), de Ramon Estevez (* 1963), den Charlie Sheen (* 1965, fir richteg Carlos Irwin Estévez) an d'Renée Estevez (* 1967).
Commons: Martin Sheen – Biller, Videoen oder Audiodateien |