Marcel Dalio | |
---|---|
Gebuertsnumm | Marcel Benoît Blauschild |
Pseudonym | Dalio |
Gebuer |
23. November 1899 5. Arrondissement |
Gestuerwen |
15. November 1983 16. Arrondissement |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Jany Holt, Madeleine Lebeau |
De Marcel Dalio oder och Dalio , gebuer als Marcel-Benoît Blauschild den 23. November 1899 zu Paräis an och do gestuerwen am November 1983 war e franséische Schauspiller.
Hie gouf an den 1930er Jore bekannt duerch seng Rollen a franséische Filmklassiker wéi Pépé le Moko (1936) vum Julien Duvivier, La grande illusion (1937) vum Jean Renoir a La règle du jeu (1939) och vum Jean Renoir.
Wéinst senge jiddeschen Originne huet hien am Ufank vum Zweete Weltkrich Frankräich verlooss. Zu Hollywood konnt hien eng zweet Karriär beim Film ufänken. Nom Krich ass hien da reegelméisseg an US-amerikaneschen an europäesche Filmer opgetrueden. Bekannt Filmer vun him no 1945 sinn Dédée d'Anvers (1947) vum Yves Allégret, Les amants de Vérone (1948) vum André Cayatte, The Snows of Kilimanjaro vum Henry King (1952), La communion solennelle' (1977) vum René Féret a Le paradis des riches (1977) vum Paul Barge.
Hie war an iwwer 180 Kinos- an TV-Filmer ze gesinn.