John Wayne | |
---|---|
Gebuertsnumm | Marion Robert Morrison |
Gebuer | 26. Mee 1907 |
Gestuerwen | 11. Juni 1979 |
Doudesursaach | Mokriibs |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Universitéit vu Südkalifornien |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmschauspiller, Filmregisseur, Filmproduzent, Dréibuchauteur, American-Football-Spiller, Televisiounsschauspiller |
Partei | Republikanesch Partei |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Marlene Dietrich |
Kanner | Patrick Wayne |
Den John Wayne, gebuer de 26. Mee 1907 zu Winterset, am Iowa, a gestuerwen den 11. Juni 1979 zu Los Angeles, mam richtegen Numm Marion Robert Morrison, méi spéit Marion Mitchell Morrison, war ei US-amerikanesche Filmschauspiller, Filmproduzent a Filmregisseur. Hie war net nëmmen ee vun de markantsten Hollywoodschauspiller vu senger Zäit, ma och ee vun deene mat dem meeschte Succès beim Publikum an ee vun deenen déi am meeschte verdéngt hunn.
Seng Carrière huet sech iwwer méi wéi en halleft Joerhonnert gezunn, an ass virun allem duerch seng Rollen a Westernfilmer bekannt, wou en dacks e Sheriff, e Marshal oder en US-Kavalleriekommandant gespillt huet, an doduerch deem Filmgenre entscheedend säi Stempel opgedréckt huet.
Archetypesch fir dee Genre kënne seng Rollen a Stagecoach (1939), Red River (1948), The Searchers (1956) oder Rio Bravo (1959) ugesi ginn. Hien huet awer och dacks a Krichs- oder Abenteuerfilmer matgespillt.
1970 krut en den Oscar fir de beschte Schauspiller fir seng Roll an True Grit.
Hien huet och privat déi konservativ an traditionell Wäerter aus der Pionéierzäit vun den USA vertrueden, déi en a ville vu senge Filmer personifizéiert huet. Besonnesch an der Zäit vum Vietnamkrich huet e mat sengem Asaz dofir (hien huet extra de Propagandafilm The Green Berets gedréint) polariséiert.
Den John Wayne war dräimol bestuet: vun 1933 bis 1945 mat der Josephine Alcia Saenz (véier Kanner), vun 1946 bis 1954 mat der Esperanza Baur (keng Kanner) a vun 1954 bis zu sengem Doud mam Pilar (dräi Kanner).
Den Orange County Airport zu Santa Ana gouf zu sengen Éieren an John Wayne Airport (IATA-Code: SNA, ICAO-Code: KSNA) ëmgenannt.
1970: Oscar als beschte Schauspiller fir seng Roll am Film True Grit.
Commons: John Wayne – Biller, Videoen oder Audiodateien |