|
Dësen Astronomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
|
En Himmelskierper ass en astronomeschen Objet, dee vun der Astronomie an der Astrophysik ënnersicht gëtt.
Astronomesch Objeten ëmfaassen Himmelskierper, Raumfluchkierper, kosmologesch Objeten an astronomesch Elementer vun der Himmelsmechanik.
Himmelskierper ass eng Sammelbezeechnung fir all ausserierdesch natierlech Kierpere wéi Planéiten, Mounden, Asteroiden, Koméiten, Meteoritten, Meteoroiden, Stären (z. B. d'Sonn) a Stäresystemer.
Observatioun am Sonnesystem
|
Observatioun baussent dem Sonnesystem
|
Eenzelobjeten
|
Systemer
|
Strukturen
|
|
|
|
|
- D'Fro, ob Schwaarz Lächer och zu den Himmelskierper gezielt ginn, ass ongekläert.
Objeten am Sënn vun der Raumfaart si Raumfluchkierper.
Dat sinn Objete vun der Kosmologie, wéi déi prinzipiell Strukture vum Universum, (Filamenter a Voids) an – bis elo – nach hypothetesch oder an hirer Natur nach net ganz geklärten Objeten, wéi Schwaarz Lächer, Donkel Matière; kuckt och: Urknall, Stréngtheorie.
Eng Orientéierung vun eenzele Fachgebidder vun der Astronomie:
Objeten no bei der Äerd:
- Atmosphäresch Objeten: Bis zu der Exosphär (500 an 1000 km)
- Äerdorbital Objeten: Bis zur Distanz vun enger geostationärer Ëmlafbunn (zirka 36.000 km)
- äerdno Objeten: Bis zur Moundbunn (ëm déi 400.000 km) oder – no anere Gesiichtspunkten – bis zum bannenzege Lagrangepunkt (also virrangeg dem Äerdmagnetismus ënnerworf: zirka 1,5 Milliounen km vun der Äerd)
Solar Objeten:
- Objete vum bannenzege Sonnesystem: Bis zu der Haaptasteroidenceinture (ongeféier 450 Milliounen km = 3 AE)
- D'Haaptasteroidenceinture als Grenz tëscht bannezegem a baussenzegem Sonnesystem, (1) Ceres
- Baussenzege Sonnesystem: 7,5 Milliarden km = 50 AE
- Randberäich vum Sonnesystem: Sonnewäit Objete bis zu der Heliopaus, ongeféier 100.000 AE = 1,5 Liichtjoere
- Laangperiodesch Koméiten an aperiodesch Koméite mat hyperbolescher oder parabolescher Bunn, déi d'Sonnesystem wäitleefeg duerchfléien.
Extrasolar Objeten: Objete baussenzeg vun der Grenz vun eisem Sonnesystem (Deep-Sky-Objete).
- Objete vun der galaktescher Noperschaft:
- Galaktesch Objeten: E Beräich vun 100.000 Lj (30 kpc)
- D'Mëllechstrooss an hir direkt Begleeder, wéi d'Grouss Magellanesch Wollek an déi Kleng Magellanesch Wollek
- Extragalaktesch Objeten:
Astronomesch Elementer sinn ausgewielt immateriell geometresch Objeten. Si hëllefe bei der Definitioun vun Astronomesche Koordinatesystemer an der Lag zoueneen, fir d'Ëmrechnung vun de Koordinaten, fir d'Referenzéierung a fir d'Berechnung vu Bunnnelementer a Bunndate vun engem Objet, dem Zäitpunkt vun Astronomeschen Evenementer souwéi de Beweegungen an de Positioune relativ zum Standpunkt vum Beobachter (Ephemeriden). Rechentechnesch gi s'awer geneesou wéi materiell Objete behandelt.
- Referenzpunkten
- Baryzentre vu Systemer, Schwéierpunkte vun Objeten, Galaktesche Mëttelpunkt
- Haaptstellungen: Fréijoers- an Hierschtpunkt, Summer- a Wantersonnewenn, Apsiden (Apoapsis, Periapsis), Kniet (besonnesch de Moundknuet), Kulminatiounspunkt, Konstellatiounen: Konjunktioun, Oppositioun (Syzygium), z. B. Vollmound, Neit Liicht.
- Polen (Ekliptikpolen, Himmelspolen, Zenit, Nadir), Himmelsrichtungen (Südpunkt, Nordpunkt, Ostpunkt, Westpunkt)
- Referenzlinnen
- Solsticelinn, Apsidelinn, Knuetlinn; Viséierlinn (Bléckrichtung), Loutrichtung
- Raumbouen
- ideal an oskuléierend Béi
- Referenzplang
- Pläng, déi mëttel Zoustänn gestéiert Bunnen, d'azimutaalt Koordinatesystem vun engem Objet oder aneren Date beschreiwen
- Referenzflächen
- Kierper, déi am Allgemengen dozou dengen, fiktiv Mëttel Objeten ze definéieren: