Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Heraldik ass d'Wëssenschaft vun de Wopen, a befaasst sech och mat Wopekonscht a Woperecht. D'Heraldik zielt zu den Hëllefswëssenschafte vun der Geschicht, zesumme mat der Sphragistik, der Vexillologie, der Diplomatik...
D'Heraldik huet sech am Mëttelalter a ganz Europa als koherente System fir d'Identifikatioun vun net nëmmen de Persoune mä vu ganze Famillen a Kollektivitéiten entwéckelt, wat aus hir en emblemateschen an eenzegaartege System gemaach huet, an enger Zäit wou d'Identifikatioun seelen iwwer d'Schrëft gaangen ass.
Opkomm ass d'Heraldik am 12. Joerhonnert bei den aristokratesche Famillen, a si huet sech séier an der ganzer Gesellschaft vun de westleche Länner verbreet: Fraleit, Klerus, Baueren, Bierger, Communautéiten... Si gouf och benotzt fir Stied, Regiounen, Länner a Beruffskierperschaften ze representéieren.
Commons: Figure vun der Heraldik – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Commons: Geschier an der Heraldik – Biller, Videoen oder Audiodateien |