Konsdref | |
---|---|
d'Gemengenhaus | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Consdorf de: Konsdorf |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Iechternach |
Chef-lieu | Konsdref |
Buergermeeschter | Marco Bermes |
Awunner | 2.117 |
1. Januar 2023 | |
Fläch | 2.572 ha |
Héicht | 354 m |
Koordinaten |
49° 46’ 48’’ N 06° 20’ 17’’ O |
LAU-Code | LU1004 |
Websäit | http://www.consdorf.lu/ |
D'Gemeng Konsdref (orange) am Kanton Iechternach (rout) | |
D'Gemeng Konsdref ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Iechternach. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Konsdref vun där se och hiren Numm huet.
Konsdref läit op zirka 350 m am Oste vum Lëtzebuerger Land, am Kanton Iechternach, am Zentrum vun der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz. Nopeschgemenge si Bäerdref am Norden, Bech a Jonglënster am Süden, Hiefenech a Waldbëlleg am Westen an Iechternach am Osten.
Mam Zil vun enger administrativer Vereinfachung gouf d'Grenz tëscht de Gemenge Bäerdref a Konsdref mam Gesetz vum 27. Juli 2022 ugepasst[1]. D'Uertschaft Kalkesbaach déi virdrun um Gebitt vun de zwou Gemeng louch, gehéiert zanterhier ganz zur Gemeng Bäerdref. Duerch den Tosch vun de Parzellen ass d'Fläch vun der Gemeng Konsdref ëm 9,20 Ar méi kleng ginn.
Zu der Gemeng gehéieren nach follgend Häff a Lieu-diten:
Prehistoresch a réimesch Reschter déi fonnt goufen, loossen drop schléissen, datt Konsdref an engem ale Siidlungsgebitt läit. Konsdref gëtt a verschiddenen Dokumenter aus dem éischte Joerdausend schonn ernimmt: 816 als "Cunolphi Villa", 953 als "Conolfi Villa". Ëm 1600 fanne mer d'Bezeechnung "Consturf".
D'Uertschaft huet zum eelste Besëtz vun der Tréierer Abtei Oeren gehéiert a war bis zur Franséischer Revolutioun Zentrum vun der Oerener Grondherrschaft an dëser Géigend. D'Existenz vun enger Parkierch zu Konsdref ass eréischt 1229 nozeweisen, mä Historiker datéieren den Urspronk vun der Par Konsdref ëm d'Joer 700.
Quell:STATEC
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Kuckeswäert ass ënner anerem d'Parkierch aus dem 18. Joerhonnert mat hirem goteschen Tuerm aus dem 12./13. Joerhonnert an dem Altor mat der Bartholomäus-Statu. Konsdref läit an der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz, a bitt eng ganz Rei vu schéine Promenaden duerch d'Bëscher, mat villen Aussiichtspunkte mat Vue op de Sauerdall an de Mëllerdall, an zitt dofir virun allem am Juli/August eng ganz Rëtsch vun Touristen un. D'Géigend zeechent sech besonnesch duerch aussergewéinlech Fielsformatiounen aus, laanscht déi d'Spadséierweeër féieren, wéi z. B. d'"Kuelscheier" oder d'"Goldfralay".
De Konsdrëffer Pompjeescorps besteet aus 40 aktive Pompjeeën am Alter tëscht 16 a 65 Joer.
2012 besteet hire Fuerpark aus 5 Gefierer:
D'Gemeng Konsdref ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Commons: Konsdref – Biller, Videoen oder Audiodateien |