Fridhaff | |
---|---|
Um Fridhaff an Direktioun Dikrech gekuckt | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Friedhof de: Friedhof |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Dikrech |
Gemeng | Dikrech |
Buergermeeschter | Charel Weiler (CSV) |
Koordinaten |
49° 53’ 25’’ N 06° 08’ 06’’ O |
De Fridhaff ass en Haff a Lieu-dit an der Gemeng Dikrech. E läit nordwestlech vun Dikrech op der N7 tëscht dem Bamerdall an der Closdellt.
Am Bësch westlech vum Fridhaff hunn d'Méchelbaach an hir Niewebaach Laangmuer hir Quellen, an am Nordweste kënnt d'Holzbaach aus dem Buedem.
Zanter 2017 ass do d'interregional Industriezon Zano, vun enger Fläch vu 45 Hektar a mat Plaz fir bis zu 30 Betriber, am Gaang ze entstoen[1].
Vun 1972 bis 2014 huet de SIDEC en Dreckstipp fir Haushaltsoffäll um Plateau vum Bockelsgronn eng 1.200 m südlech vum Fridhaff bedriwwen[2],[3].
Commons: Fridhaff – Biller, Videoen oder Audiodateien |