D'Astrofotografie ëmfaasst déi Methode vun der Fotografie, mat deene Stären an aner Himmelskierper am visuelle Liicht ofgebilt an dauerhaft op verschidde Medien (fotografesch oder elektronesch) gespäichert ginn.
Mat hirer Hëllef kann een och Objeten duerstellen, déi ze liichtschwaach fir visuell Observatioune sinn. Fotografesch Emulsiounen (Filmer, Placken) oder elektro-optesch Bildsensoren hunn am Géigesaz zum A d'Eegeschaft, d'Wierkung vum Liicht wärend laange Beliichtungszäite sammelen ze kënnen. D'Objete vun der Astrofotografie reeche vun de Kierper aus dem Sonnesystem (Planéiten, Asteroiden, Koméiten, Meteoren asw.) iwwer Objeten an eiser Mëllechstrooss (Stären,Stärekéip, Niwwel) bis zu de wäitste Galaxien a Galaxiëkéip.
Am Allgemenge mussen d'Himmelfotoe der deeglecher Dréiung vum Stärenhimmel nogefouert ginn, fir eng punktfërmeg Foto vun den Himmelskierper ze kréien. Dofir ginn d'Teleskope resp. d'Kamerae mat enger equatorialer Montéierung ekipéiert. Eng Achs ass genee op den Himmelspol (verlängert Äerdachs) ausgeriicht. D'Noféierung ka manuell oder maschinell geschéien.
Technike vun der Astrofotografie ginn och an der Satellittegeodesie, an der Ballistik an an der Raumfaart agesat, fir vun de Fluchkierper eng Bunnbestëmmung duerchzeféieren.
Déi Spezialkamerae vun der Astronomie ginn Astrograph genannt. Si erméiglechen et, op Fotoplacke grouss Felder vum Stärenhimmel z'erfaassen an:
Eent vun deene weltwäit gréisste Fotoplacken-Archiver fënnt een an deem vum Cuno Hoffmeister gegrënnten Observatoire Sonneberg zu Sonneberg an Däitschland. Et faasst iwwer 277.000 Himmelsfotoen, am Beräich vun der nërdlecher Mëllechstrooss iwwer 70 Joer ewech. Méi wéi 11.000 verännerlech Stäre goufen do entdeckt.
1948 gouf am Palomar-Observatoire déi 48-Zoll-Schmidt-Kamera (haut Oschin Telescope genannt) a Betrib geholl. Mat dësem Instrument gouf de POSS (Palomar Sky Survey) duerchgefouert, déi wuel wichtegst Himmelsduerchmusterung vum 20. Joerhonnert.
D'Archiv vum Harvard College Observatoire faasst iwwer 500.000 astrofotografesch Placken aus der Zäit vun 1885 bis 1989. Am Joer 1965 huet do den Harvard Sky Patrol Program ugefaangen, een änleche Programm wéi dee vu Sonneberg. Dëse Programm gouf am Joer 1989 ofgebrach.
D'Astrofotografie stellt héich Fuerderungen un d'Optik souwéi (wéinst de laange Beliichtungszäiten) un den Teleskopundriff. Wann déi Fuerderungen z. B. mat elektronescher Steierung erfëllt ginn, da loosse sech laang beliicht Fotoe vun extreem schwaachen Objete gutt maachen.
Scho Méint virun der Publikatioun vu sengem fotografesche System (1838) soll de Louis Daguerre eng Foto vum Äerdmound gemaach hunn – dat wier dann déi alleréischt Astrofotografie. 1840 fotograféiert den John William Draper de Mound, 1843 hëlt hien dat éischt Spektrogramm vun der Sonn op. Am Abrëll 1845 geléngt dem Leon Foucault an dem Armand Fizeau déi éischt Foto vun der Sonn. Op hirer Foto Daguerreotypie mat 12 cm Duerchmiesser ware Sonneflecke kloer ze gesinn.
Am Joer 1850 gouf um Harvard College Observatoire vum John Adams Whipple fir d'éischt e Stär – an zwar d'Vega – fotograféiert; d'Montéierung vum gebrauchten Teleskop war fir d'Beliichtungszäit vun 100 Sekonnen net prezis genuch. No Verbesserunge klappt am Joer 1857 eng gutt Foto vum Duebelstäresystem Alkor a Mizar – elo mat Kollodiumplacken – déi sech zu enger preziser Bestëmmung vun de relative Positiounen ausnotze léisst. Bei der Sonnendäischtert am Juli 1860 konnt mat Fotoen d'Fro gekläert ginn, ob Protuberanze wierklech Sonnenausbréch duerstellen. 1872 konnt den Henry Draper dat éischt Spektrum vun engem Stär – nees erëm d'Vega – ophuelen. De Jules Janssen mécht 1874 Fotoe vum Venus-Duerchgank (Passage); op senge Fotoe war fir d'éischt d'Granulatioun vun der Sonnenuewerfläch ze gesinn. Den 22. Dezember 1891 fënnt de Max Wolf als éischten Astronom en Asteroid mat fotografesche Methoden.
Am Joer 1880 geléngt dem Henry Draper fir d'éischt eng Foto (Bromsëlwer) vun engem Gasniwwel an der Mëllechstrooss: et war den Orionniwwel. 1884 gouf den Andromedaniwwel (A. A. Common) déi éischt Galaxie fotograféiert. 15 Joer méi spéit huet de Julius Scheiner dat éischt Spektrum vun deem Objet opgeholl.
Mat de stännege Verbesserunge vum Material koum de Gedanken op fir Himmelsatlanten op Basis vun Astrofotografien ze maachen. Domat kéint een d'Grenzhellegkeet, déi bei der Bonner Duerchmusterung nach bei 9 bis 9,5 Gréissteklassen hat) bedeitend vergréisseren. Dat gréisst Wierk war d'Carte du Ciel ënner der Leedung vum Paräisser Observatoire, dat géint 1880 ugefaangen, awer ni zu Enn bruecht gouf.
An der Amateurastronomie ginn nieft analoge Spigelreflexkameraen och digital Kameraen (meeschtens op CMOS-Basis), CCD-Kamera, speziell Videokameraen an dacks och Webcams agesat. Astrofotografie ass scho mat enger einfacher, stationärer Kamera méiglech. Fir datt bei sou Fotoe keng Strichspueren um Bild entstinn, gëllt – bei mëttlerer Deklinatioun – als Fauschtformel fir d'maximal Beliichtungszäit (t) a Sekonnen:
D'Sonnefotografie ass e spezielle Fall an der Astrofotografie. Bei dësem Motiv huet ee meeschtens vill ze vill Liicht, an et brauch ee bal ëmmer e Filter, fir anstänneg ze schaffen. Ausname sinn:
Fir visuell Observatioune vun der Sonn musse virun d'Objektiv speziel Glasfilter oder mat Aluminium bedämpte Folie mat der Stäerkt ND 5, Transmissioun 0,00001, oder ND 6, Transmissioun 0,000001 gebraucht. Nei Produkter vu Sonnefilter-Folie si béidsäiteg bedämpt a visuell onbedenklech ze gebrauchen. Filter mat der Stäerkt ND 4, Transmissioun 0,0001, gi gebraucht bei Fotoe vun der Sonn mat staarke Vergréisserungen duerch Okularprojektioun oder bei Ëffnungsverhältnesser vu ronn 1:20 a kuerze Beliichtungszäiten ëm 0,001 s.
Commons: Astrofotografie – Biller, Videoen oder Audiodateien |