De Wuermwutz oder Wuermfortsaz, am Fachbegrëff Appendix (lat.: appendix vermiformis), ass eng kleng Auswuessung a Form vun engem Schlauch um Enn vum Blinddaarm.
Mat engem Enn hänkt de Wuermwutz also um Blinddaarm, dat anert Enn ass zou. Bannen ass de Wuermwutz huel a mat enger Schläimhaut ausgekleet.[1],[2]
Beim Mënsch ass en duerchschnëttlech 10 Zentimeter laang. En zielt zum lymphatesche System, dat heescht en hëlleft bei der Ofwier vu Krankheetserreeger, besonnesch an der Kandheet. E spillt keng direkt Roll bei der Verdauung.[1]
Et gëtt ugeholl, datt de Wuerwutz och e Reservoir fir Daarmflora ass. Wann no enger Duerchfallerkrankung den Daarm séier muss mat Daarmbakteerien neibesidelt ginn, da komme se aus dem Wuermwutz.[2],[3]
D'Entzündung vum Wuermwutz ass d'Appendicitt, déi ëmgangssproochlech fälschlecherweis och "Blinddaarmentzündung" genannt gëtt. De Mënsch kann en normaalt Liewen ouni Wuermwutz féieren, wann deen operativ erausgeholl muss ginn.
Commons: Vermiform appendix – Biller, Videoen oder Audiodateien |