Viviane Thill | |
---|---|
Gebuer | 22. Januar 1962 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Dréibuchauteur |
D'Viviane Thill, gebuer den 22. Januar 1962 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng Iwwersetzerin, Filmkritikerin an Autorin vun e puer Filmbicher. Si schafft zanter 1996 am CNA.
Bei der 7. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis war si an der Kategorie "Bescht Dréibuch" fir de Film Eng nei Zäit nominéiert, zesumme mam Christophe Wagner.[1]
Hir Première huet d'Viviane Thill 1981 am Lycée Michel Rodange gemaach.