De United Kingdom Infrared Telescope (UKIRT) ass een astronomescht Teleskop dat op Observatiounen am Infrarout spezialiséiert ass. Et huet en Haaptspigelduerchmiesser vun 3,8 m a steet um Terrain vum Mauna-Kea-Observatoire op Hawaii.
Den UKIRT gehéiert dem brittesche Science and Technology Facilities Council a gëtt vum Joint Astronomy Center vun Hilo bedriwwen. Et gouf an den 1970er als relativ präisgënschtegt Teleskop fir Observatiounen am Infraroutberäich tëscht 1 an 30 Mikrometer Wellelängt entworf a goung 1979 a Betrib. Déi deemools gebraucht Detektertechnologie am Infrarout hat kleng Ufuerderungen un d'Ofbildungsqualitéit par Rapport zu opteschen Teleskope gestallt, soudatt zum Beispill den Haaptspigel dënn a liicht ausgeluecht konnt ginn. Zanterhir gouf et duerch verschidden Ännerungen den haitegen Ufuerderungen ugepasst a liwwert typesch eng Bildqualitéit ënner enger Bousekonn am noen Infrarout. Den UKIRT ass ëmmer nach dat weltgréisst komplett op Infraroutobservatioune spezialiséiert Teleskop, och wann et a ville Leeschtungsberäicher an der Tëschenzäit vun optesch-infrarouden Teleskope vun der 8-Meter-Klass wéi dem Very Large Telescope iwwertraff gëtt.
D'Instrumenter vum UKIRT gouf zanter et a Betrib ass en ettlechmol moderniséiert. 2008 hat et dräi Instrumenter fir de Cassegrainfokus an eng Kamera mat groussem Gesiichtsfeld vum Cassegrainfokus.
Zanter Betribsufank vum WFCAM am Joer 2004 ass de wichtegste Projet um UKIRT d'Himmelsduerchmusterung UKIRT Infrared Deep Sky Survey (UKIDSS), déi ongeféier 80 % vun där am Groussfeldmodus mat WFCAM disponibeler Zäit ausfëllt. De WFCAM brauch ongeféier 60 % vun der Teleskopzäit, déi aner 40 % si fir Observatioune mat de Cassegraininstrumenter.
De Science and Technology Facilities Council, huet annoncéiert datt den Teleskop deen zanter 2010 an engem sougenannte Minimalist Operating Mode bedriwwe gëtt, Enn 2013 soll zougemaach ginn oder datt seng Aktivéiten transferéiert solle ginn.[1] Wëssenschaftler hunn dat ganz traureg fonnt, an als Aschnëtt an d'Wëssenschaft betruecht.[1]