D'Schlaangen (gr. ὄφεις ópheis; lat. serpentes) sinn eng Ënneruerdnung vun de Schuppereptiller, déi weltwäit eng 3000 Aarten ëmfaasst.
Schlaange si Reptiller mat engem zylindreschen a verlängerte Kierper, ouni siichtbar Glidder. Si hunn hir Patten am Laf vun der Evolutioun verluer, geneesou wéi zwou aner Gruppe vu véierbeenege Vertebraten, d'Amphisbaenia, déi genee wéi d'Schlaangen zu de Schuppereptiller gehéieren (Squamata), an d'Gymnophiona, déi zu den Amphibien zielen.
Eng drëtt Aart ass ëmmer nees am Gespréich, well d'Schléngnatter reegelméisseg mat der Kräizotter (Wipper) verwiesselt gëtt. D'Kräizotter konnt awer bis haut nach nie zu Lëtzebuerg nogewise ginn.
Dem Heng Klees no gëtt et zu Lëtzebuerg nach follgend Bezeechnungen: Schlaangendéier, Schéiss-Onk, Schéiss-Schlaang (bezeechent eng gréisser Schlaang an de Seechen zu Lëtzebuerg).[1]
Engel, E. & R. Thorn, 1996. L'herpétofaune du grand-duché de Luxembourg: Bilan actuel. Bull. Soc. herp. fr. 78: 61-64.
Feltgen, E., 1899. Schlangen und Schlangengift. Bull. Soc. Nat. luxemb. 9: 30-32. (PDF 152 kB)
Ferrant, Victor, 1922. Faune du grand-duché de Luxembourg. Deuxième partie: Amphibiens et reptiles. Annexes aux Bull. mens. Soc. Nat. luxemb. 16: 1-55.
Klees, Henri, 1981. Luxemburger Tiernamen. Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XIV. 131 S., Pierre Linden, Lëtzebuerg.