Salma Hayek | |
---|---|
Gebuertsnumm | Salma Valgarma Hayek Jiménez |
Gebuer |
2. September 1966 Coatzacoalcos |
Nationalitéit | Mexiko, USA |
Educatioun | Stella Adler Studio of Acting |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Filmregisseur, Filmproduzent, Televisiounsschauspiller, Schauspiller, Sänger, Synchronspriecher, Televisiounsproduzent |
Famill | |
Bestuet mat | François-Henri Pinault |
D'Salma Valgarma Hayek Jiménez-Pinault, gebuer den 2. September 1966 zu Coatzacoalcos, Mexiko, ass eng mexikanesch-US-amerikanesch Schauspillerin.
No e puer Theateroptrëtter krut d'Hayek d'Haaptroll an der mexikanescher Telenovela Teresa, déi an iwwer 20 Länner gewise gouf, a woumat s'a Mexiko e Star gouf. 1991 ass si op Los Angeles gaangen, mä huet eréischt no an no Filmrollen an Hollywood-Filmer ugebuede kritt.1995 huet si mam Antonio Banderas am Film Desperado gespillt, an 1996 am Robert Rodriguez sengem From Dusk Till Dawn.
2003 krut si eng Nominatioun fir den Oscar an de Golden Globe fir hir Verkierperung vun der Frida Kahlo am Film Frida.
Si huet eng eege Produktiounsfirma.
Commons: Salma Hayek – Biller, Videoen oder Audiodateien |