Robert Hirsch | |
---|---|
Gebuertsnumm | Paul Robert Hirsch |
Gebuer |
26. Juli 1925 L'Isle-Adam |
Gestuerwen |
16. November 2017 13. Arrondissement |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun |
Conservatoire national supérieur d'art dramatique, Cours Simon |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller |
De Robert Hirsch, gebuer de 26. Juli 1925 zu L'Isle-Adam a gestuerwen zu Paräis de 16. November 2017, war e franséische Schauspiller.
De Robert Hirsch war an enger 40 Kinos- an TV-Filmer ze gesinn. Seng Schauspillercarrière huet sech awer haaptsächlech am Theater ofgespillt. Vun 1952 bis 1974 war hie Member vun der Comédie Française.