Philip Seymour Hoffman | |
---|---|
Gebuer | 23. Juli 1967 |
Gestuerwen |
2. Februar 2014 Manhattan |
Doudesursaach | Iwwerdosis |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Tisch School of the Arts |
Aktivitéit | Filmregisseur, Filmproduzent, Synchronspriecher, Charakterschauspiller, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schauspiller, Theaterregisseur |
Famill | |
Papp | Gordon Hoffman |
Mamm | Marilyn O'Connor |
De Philip Seymour Hoffman, gebuer den 23. Juli 1967 zu Fairport, New York a gestuerwen den 2. Februar 2014[1] zu New York, war en US-amerikaneschen Theater- a Filmschauspiller. Nodeem hie jorelaang markant Niewerollen a Filmer hat, krut hien 2006 als Haaptacteur am biographesche Film Capote en Oscar.
2010 huet hie beim Film Jack in Love eng éischt Kéier Regie gefouert, an och eng vun den Haaptrolle gespillt.
Commons: Philip Seymour Hoffman – Biller, Videoen oder Audiodateien |